Tiberias
Dëse Geographiesartikel iwwer Israel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Tiberias | |
---|---|
Land | Israel |
Awunner | 44.200 |
31. Dezember 2018 | |
Fläch | 10,872 km² |
Héicht | -200 m |
Koordinaten | 32°47'23"N, 35°31'29"O |
Websäit | http://www.tiberias.muni.il/ |
D'Tiberias (hebräesch טבריה Tewerja, heiansdo och Tiberius) läit a Galiläa am Staat Israel, um Westufer vum Séi Genesareth, deen no der Stad och "Séi vu Tiberias" genannt gëtt (fr.: Lac de Tibériade). Si ass mat knapps 40.000 Awunner déi gréisst Stad am Jordan-Dall. D'Stad erstreckt sech vum Séi, deen 212 m ënner dem Mieresspigel läit, bis zu enger Héicht vu 457 m iwwer dem Waasserspigel vum Séi.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Stad gouf vum Herodes Antipas vu 17 n. Chr. un gebaut a war als Haaptstad vum Land Galiläa geduecht. Hiren Numm huet den Herodes zu Éiere vum réimesche Keeser Tiberius gewielt. D'Stad hat eng gutt ausgebaut Infrastruktur mat Palaisen an typesch réimesch Baute wéi e Forum an eng Rennbunn. Well dobäi och Griewer vu Judden zerstéier goufen, gouf si vun de gleewegen Judden als unrein betruecht: D'Herrschaft vun de Réimer huet do ongeféier 150 Joer gedauert.
No der Zerstéierung vu Jerusalem huet sech d'Haltung vun de Réimer géintiwwer Tiberias geännert; d'Stad ass du méi selbstänneg ginn an zu enger vun de véier hellege Stied vun de Judden erugewuess. Am Joer 637 gouf d'Stad vun den Araber ageholl. Duerno waren et d'Kräizritter, déi d'Stad am Joer 1100 eruewert an duerch de Bau vun enger Stadmauer ofgeséchert hunn. D'Kräizritter goufen awer am Joer 1187 vum Sultan Saladin geschloen, sou datt d'Stad erëm zeréck ënner d'osmanesch Herrschaft gefall ass, an eréischt am Joer 1517 erëm besidelt gouf.
D'Alstad, sou wéi se haut do steet gouf 1738 gebaut. An der Mëtt vum 19. Joerhonnert huet d'Stad als jiddesch Sidelung, op déi staark Awanderung vu Judden hin, staark u Bedeitung gewonnen. Wéi 1948 den israeeleschen Onofhängegkeetskrich ausgebrach ass, sinn d'Araber, déi bis do friddlech mat de Judden zesummegelieft hunn, fortgelaf.
Wirtschaft
[änneren | Quelltext änneren]Tiberias ass den Zenter vun enger landwirtschaftlecher Regioun. Ugebaut ginn Uebst a Geméis, haaptsächlech Banannen, Dattelen a Drauwen. Vill Touriste kommen op Tiberias, wann et roueg an der Géigend ass. De Grond dofir sinn op der enger Säit déi waarm Thermalquellen, mä och d'Méiglechkeet déi d'Touristen hu fir déi vill rondrëm aus der Bibel bekannt Plazen ze besichen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Séi an a senger Noperschaft gëtt et vill kuckeswäert Uertschaften a Plazen, déi aus der Bibel bekannt sinn, wéi:
- Bet Saida
- Kafarnaum
- Kana
- Nazareth
- Tiberias
- Plaz vun der Biergpriedegt
- Bierg vun de Séilegpreisungen
- Plaz vun der Verklärung
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Tiberias – Biller, Videoen oder Audiodateien |