Restaurantsvoiture
Ausgesinn
Eng Restaurantsvoiture, och Wagon-Restaurant genannt, ass eng Eisebunnsvoiture mat enger Kichen an an där Restauratioun bedriwwe gëtt.
Déi éischt Restaurantsvoiture ass 1868 bei der Chicago & Dalton Railroad zu Chicago an den USA gefuer.
Déi éischt europäesch Restaurantsvoiture ass den 1. November 1879 bei der Great Northern Railway tëscht London a Leeds agesat ginn.
Et fënnt ee Restaurantsvoiturë meeschtens op Zich déi op hirem Trajet wäit Strecken zeréckleeën.
Typpen
[änneren | Quelltext änneren]Déi klassesch Restaurantsvoiture huet, genee wéi e Restaurant, eng Kaart vun där sech d'Clientë kënnen e Plat bestellen. Am Géigesaz dozou gëtt et eng Rei aner Forme vu Restauratiounen.
- Buffetsvoituren offréiere Plate vun deene sech d'Clienten zerwéiere kënnen.
- Bistrosvoiturë si Voituren déi nëmme kleng Restauratioun a Snacks offréieren.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Restaurantsvoituren – Biller, Videoen oder Audiodateien |