Queen Elizabeth 2
Queen Elizabeth 2 | |
Seng Carrière | |
---|---|
Bestallt: | 1964 |
Ufank vum Bau: | 5. Juli, 1965 |
Stapellaf: | 20. September, 1967 |
Gedeeft: | 20. September, 1967 vun der Kinnigin Elizabeth II |
Éischt Rees: | 2. Mee, 1969 |
Elo: | am Déngscht |
Allgemeng Karakteristiken | |
Tonnage: | 70,327 BRT |
Verdrängung: | 48,923 (gelueden) |
Längt: | 293.5 m (963 ft) |
Breet: | 32.03 m (105 ft) |
Déifgang: | 9.87 m (32 ft) |
Héicht: | 52.2 m (171 ft 4 in) |
Motorleeschtung: | 9 x 10,625 kW mat 400 rpm |
Propulsioun: | 9 MAN 9-cylinder medium speed Turbo-Diesel Maschinne mat zwéi fënnefschautege Propelleren |
Vitess: | 32.5 Kniet (61 km/h), 20 Kniet (37 km/h) hannerzeg |
Capacitéit: | 1,756 Passagéier 1,892 (all berths) Passagéier 1,015 Offizéier an Equipage |
Et huet kascht: | £29,091,000 |
D'RMS Queen Elizabeth 2 (QE2), genannt no der Kinnigin Elizabeth II., ass e Passagéierschëff vun der Cunard Linn, dat haut als Schëff fir Croisièrë benotzt gëtt.
D'QE2 war 35 Joer laang d'Flaggschëff vun der brittescher Cunard-Reederei, bis se 2004 vun der Queen Mary 2 ofgeléist gouf.
D'QE2 war, bis zum Bau vun hirer Nofollgerin, dat lescht grousst Transatlantik-Linneschëff a war ier se Dieselmotore krut, dat lescht Passagéierdampschëff mat Uelegfeierung op enger reegelméisseger Atlantikroute. Den Damp koum vun dräi Kesselen, déi pro Dag 520 Tonne Brennes gebraucht hunn. Wärend hirem Déngscht als Cunard-Flaggschiff war se iwwerall an der Welt am Asaz, elo gëtt se als Croisièresschëff benotzt, dat zu Southampton (England) doheem ass.
Mat 70.327 BRT, 294 Meter Längt, 32 Meter Breet an enger Spëtzevitess vun 32,5 Kniet (zirka 60 km/h) ass s'ëmmer nach eent vun de gréissten a séierste Passagéierschëffer um Mier.
D'Queen Elizabeth 2 ass méi grouss wéi d'Titanic, awer méi kleng wéi hir Virgängerin d'Queen Elizabeth an hir Nofollgerin Queen Mary 2, sou datt se duerch de Panamakanal fuere kann. D'QE2 huet Plaz fir 1.892 Passagéier an 1.015 Besatzungsmemberen, also am Ganze fir 2.915 Mënschen. Si huet 5 Restauranten, 2 Cafeeën, 3 Swimmingpoolen, eng Bibliothéik, e Spidol an e Kinossall fir 481 Leit. Ausserdeem nach e Pub, en Nightclub, e puer Baren, e Casino, eng Shoppingpromenade an e Fitness-Center.
Enn vun hirer Croisièrescarrière
[änneren | Quelltext änneren]De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Zanter 2008 fiert d'RMS QE2 keng Croisièrë méi, a well d'Schëff un eng arabesch Finanzgrupp verkaaft gouf, gëtt et elo als Hotelschëff zu Dubai agesat. No Investitiounen a Milliounenhéicht an intensive Renovatiounsaarbechten ass et haut eng Plaz fir Weltklass-Entertainment, Tourismus a Kulinarik[1].
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Ward, Douglas: Berlitz Complete Guide to Cruising & Cruise Ships 2006, ISBN 981-246-739-4
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun RMS-Schëffer
- RMS Queen Mary 2
- MS Queen Victoria
- Lëscht vu Croisièreschëffer
- Lëscht vu Reedereie mat Croisièreschëffer
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Queen Elizabeth 2 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- ↑ (en)The Queen Elizabeth 2 (QE2) | Royal Museums Greenwich. www.rmg.co.uk. Gekuckt de(n) 2024-11-20.