Op den Inhalt sprangen

Police grand-ducale

Vu Wikipedia
Police grand-ducale
D'Kommissariat zu Beetebuerg
Land Lëtzebuerg
Verwaltungssëtz Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Ministère des Affaires intérieures
Gegrënnt 1. August 2018
Um Spaweck https://police.public.lu/fr
De Logo vun der Police, deen am Oktober 2017 agefouert gouf.

D'Police grand-ducale, gemenkerhand just Police (deels och Polizei) genannt, ass den nationale Policedéngscht zu Lëtzebuerg deen ënnert der Autoritéit vum Ministère fir bannenzeg Affäre steet an deem seng Aufgab et ass, fir d'intern Sécherheet ze garantéieren. Am Kader vun hire Missioune suergt d'Police fir de Respekt an dréit zum Schutz vun den individuelle Fräiheeten a Rechter bäi. D'Police ass no bei der Bevëlkerung, berot se an hëlleft hir. Si schafft preventiv, proaktiv, dissuasiv a repressiv[1].

D'Police grand-ducale ass den 1. August 2018 op Basis vum Gesetz vum 18. Juli 2018[2] reforméiert ginn an huet virdru schonn zanter dem 1. Januar 2000 bestanen, wéi s'op Basis vum Gesetz vum 31. Mee 1999 déi zwéi fréier Corpse vun der Gendarmerie grand-ducale an der Police ersat huet[3].

Missioune vun der administrativer Police

[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Ausübung vun hiren administrative Policemissioune suergt d'Police dofir, datt d'ëffentlech Uerdnung agehale gëtt, datt d'Gesetzer, d'Police- a Gemengereglementer ausgeféiert an agehale ginn, datt Infraktioune verhënnert an d'Mënsche beschützt ginn[4].

Missioune vun der Police judiciaire

[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Ausféierung vun hire Missiounen huet d'Police judiciaire ((de) Kriminalpolizei) déi follgend Aufgaben[5]:

  • Verbriechen, Delikter a Verstéiss ënnersichen a se feststellen, Beweiser sammelen an d'Justizautoritéiten doriwwer informéieren, d'Täter sichen, se festhuelen, verhaften an se – an de Formen déi vum Gesetz festgeluecht sinn – de Justizautoritéiten iwwerginn;
  • Enquêtë maachen an d'Uweisunge vun de Justizautoritéiten exekutéieren;
  • déi Leit sichen, deenen hir Verhaftung vum Gesetz virgesinn ass, se festhuelen an se de Justizautoritéiten iwwerginn;
  • Objeten, deenen hir Saisie virgeschriwwen ass, sichen, saiséieren an se de Justizautoritéiten iwwerginn;
  • de Justizautoritéiten e Rapport maache vun hire Missiounen an den Informatiounen déi se an deem Kader kritt hunn.

Aner Missiounen[6]

[änneren | Quelltext änneren]
  • D'Police ënnerstëtzt d'Arméi an allem wat d'Sécherheet vun der Arméi, d'Disziplin an d'Militärpolice betrëfft;
  • se hëlt déi fest, déi hinne gemellt goufe well s'aus engem psychiatresche Service, engem Spidol oder engem spezialiséierte psychiatreschen Etablissement fortgelaf sinn, an iwwergëtt se den zoustännegen Autoritéiten;
  • s'ënnerstëtzt d'Geriichter an Tribunaler an de Policeaufgaben;
  • se hëlt all néideg Moossnamen a Bezuch op geféierlech Déieren oder Déieren déi um Stierwe leien, fir hiert Leiden op en Enn ze bréngen;
  • Bei ëffentlechen Zeremonië kann d'Police – mam Accord vun den zoustännegen Autoritéiten – protokollaresch Missiounen ausféieren;
  • D'Police hëlt d'Hëllefsuriff un an ënnerhëlt déi néideg Policemoossnamen;
  • Op Ufro vun Institutiounen, Organer an Agencë vun der Europäescher Unioun, kann d'Police Sécherheetsiwwerpréiwunge vum Personal vun Déngschtleeschter maachen, déi kontraktuell Relatioune mat der Institutioun hunn.

Sécherung vun der ëffentlecher Uerdnung

[änneren | Quelltext änneren]

Wann d'ëffentlech Uerdnung a Gefor ass, kuckt d'Police zesumme mat der zoustänneger Autoritéit fir Moossnamen ze huelen an d'Duerchféierung virzebereeden. Déi zoustänneg Autoritéit däerf d'Police nëmmen opgrond vun enger Requisitioun, ënner de Konditiounen déi vum Gesetz virgesi sinn, froe fir d'ëffentlech Uerdnung nees hierzestellen[7].

Organisatioun vun der Police

[änneren | Quelltext änneren]

D'Police gëtt vun engem Generaldirekter geleet, dee vun engem Adjoint assistéiert gëtt. Béid Persoune ginn op Recommandatioun vum Minister vum Grand-Duc ernannt.

vu(n) bis Generaldirekter Adjoint
2000 2001 Charles Bourg
2001 2008 Pierre Reuland
2008 2015 Romain Nettgen
2015 2024 Philippe Schrantz Donat Donven
01.05.2024[8][9] Pascal Peters Alain Engelhardt

Servicer an Unitéiten

[änneren | Quelltext änneren]
  • Direktiounscomité (Comité de direction), besteet aus dem Generaldirekter, sengem Adjoint an de véier Zentraldirekeren
    • Direktioun Kommunikatioun
    • Direktioun International Relatiounen
    • Juristesche Service
    • Psychologesche Service
    • Service vum Finanzaudit
    • Generalsekretariat
  • 4 Zentraldirektiounen (Directions centrales)
    • Zentraldirektioun vun der administrativer Police (Direction centrale police administrative (DCPA))
    • Zentraldirektioun vun der Police judiciaire (Direction centrale police judiciaire (DCPJ))
      • Direktioun
      • Departementer, déi a Sektiounen ënnerdeelt sinn
      • Dezentraliséiert Servicer an de Regiounen Nord, Süd-West an Zentrum-Ost
    • Zentraldirektioun vun de Ressourcen a Kompetenzen (Direction centrale ressources et compétences (DCRC))
      • Direktioun Ressources humaines
      • Direktioun Formatioun mat enger Policeschoul
      • Direktioun Finanzen
      • Direktioun Logistik
      • Direktioun polizeilech Technologien
    • Zentraldirektioun Strategie a Leeschtung (Direction centrale stratégie et performance (DCSP))
      • Direktioun Planung a strategesche Verlaf
      • Direktioun Organisatioun a Verbesserung
      • Direktioun Informatiounsveraarbechtung
      • Zell Strategie vun den Informatiounstechnologien a vun der Kommunikatioun
  • Territorial Opdeelung

    [änneren | Quelltext änneren]
    Déi véier Policeregiounen
    Zoustännegkeet vun de Regiounen[10][11]
    Regioun zoustänneg fir
    Haaptstad Gemenge Lëtzebuerg an Hesper
    Zentrum-Ost Kantone Miersch, Gréiwemaacher a Réimech
    Nord Geriichtsbezierk Dikrech: Kantone Réiden, Wolz, Klierf, Veianen, Dikrech an Iechternach
    Süd-West Kantonen Esch-Uelzecht a Capellen + Gemenge Bartreng, Stroossen a Weiler zum Tuer

    Zesummenaarbecht mat aneren Autoritéiten

    [änneren | Quelltext änneren]

    D'Direktere vun de Policeregiounen an d'Cheffe vun de Kommissariater hunn e reegelméissegen Austausch mat de Buergermeeschteren, absënns och am Fall vun Evenementer déi d'ëffentlech Uerdnung stéiere kéinten.

    Comité de concertation régional[12]

    [änneren | Quelltext änneren]

    An all Policeregioun gëtt et e regionale Concertatiounskommitee deem seng Aufgaben ë. a. follgend Punkte begräifen:

    • Etüden an Analyse vun de verschiddene Forme vun der Delinquenz, de Belästegungen a Stéierunge vun der ëffentlecher Uerdnung maache grad wéi hir Perceptioun vun der Bevëlkerung préiwen;
    • allgemeng politesch Virschléi am Beräich vun der Kriminalitéitspreventioun an dem Erhale vun der ëffentlecher Uerdnung ausschaffen;

    Comité de prévention communal[13]

    [änneren | Quelltext änneren]

    Fir de Kompetenzberäich vun all Kommissariat[14] besteet e kommunale Preventiounskommitee ënnert der Presidence vum Buergermeeschter. Deem Kommitee seng Aufgabe gläichen deene vum Concertatiounskommitee, sinn awer kommunal an net regional ze betruechten.

    Am Koalitiounsprogramm vun der Regierung Frieden-Bettel war festgehale ginn, eng lokal Policeunitéit bannent der Police grand-ducale ze schafen. D'Unitéit soll a méi engem direkte Kontakt mat de Bierger stoen an haaptsächlech eng Preventiounsmissioun um Terrain erfëllen. Am Kader vu senge Missiounen am Beräich vun der ëffentlecher Rou, der Sécherheet an der Gesondheet ass virgesinn, datt de Buergermeeschter eng gewëssen Autoritéit iwwer d'Unitéit kritt[15].

    Den 1. Juli 2024 ass et an zwou Gemenge mam Pilotprojet vun der Police locale lassgaangen: an enger éischter Phase sinn 20 Polizisten an der Stad Lëtzebuerg (an de Quartiere Gare, Uewerstad a Bouneweg) an der véier zu Esch-Uelzecht (Gare an Zentrum) am Asaz. D'Poliziste solle sech op déi Aufgabe konzentréieren, déi vun de Regionaldirekteren an Zesummenhang mat de Buergermeeschteren definéiert goufen.D'Poliziste vun der neier provisorescher Unitéit hunn déi selwecht Uniform wéi hir Kolleegen, zousätzlech awer e blo-wäisse Bändchen „Police locale“ um Aarm. No sechs Méint gëtt de Bilan vum Pilotprojet gezunn.[16]

    Comité d'accompagnement des missions de police judiciaire[17]

    [änneren | Quelltext änneren]

    Zu den Aufgabe vum Ënnerstëtzungskommitee fir d'Missioune vun der Police judiciaire, dee vum Procureur général d'État geleet gëtt, zielen absënns:

    • d'allgemeng Orientatioun vun der Aarbecht vun de Servicer vun der Police judiciaire festleeën;
    • d'Konzept vun der Police judiciaire, inklusiv de Missioune vun den Departementer a Sektioune vun der Police judiciaire, opstellen;
    • déi proaktiv Aarbecht vun der Police judiciaire bewäerten an iwwerwaachen;
    • déi strategesch Prioritéiten am Zesummenhang mat de Missioune vun der Police judiciaire definéieren.

    Op Ufro vun den zoustännegen Autoritéiten an an de Fäll, déi vum Gesetz virgesi sinn, intervenéiert d'Arméi fir der Police bei hire Missiounen eng Hand unzepaken. De Kommandant vun all Detachement deen der Police hëlleft, muss der Requisitioun nokommen.[18]

    Personalkader

    [änneren | Quelltext änneren]

     Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Karriären an der Police grand-ducale.

    D'Uniform vun der Police besteet aus Gezei an Accessoiren déi an engem groussherzogleche Reglement festgeluecht sinn[19].

     Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uniform vun der Police grand-ducale.

    Billergalerie

    [änneren | Quelltext änneren]
    Commons: Police grand-ducale – Biller, Videoen oder Audiodateien

    Referenzen

    [Quelltext änneren]
    1. Loi du 18 juillet 2018 sur la Police grand-ducale – Art. 1 an 2
    2. Loi du 18 juillet 2018 sur la Police grand-ducale
    3. (fr)Loi du 31 mai 1999 portant création d'un corps de police grand-ducale et d'une inspection générale de la police et modifiant (…). data.legilux.public.lu (31.05.1999). Gekuckt de(n) 29.06.2024.
    4. Loi du 18 juillet 2018 sur la Police grand-ducale, Art. 3
    5. idem, Art. 18
    6. idem, Art. 20-26
    7. idem, Art. 30
    8. (de)Pascal Peters wird neuer Polizeichef. luxemburger-wort-online (2024-03-13). Gekuckt de(n) 2024-03-13.
    9. (fr)Résumé des travaux du 13 mars 2024. gouvernement.lu (2024-03-13). Gekuckt de(n) 2024-03-13.
    10. (fr)Règlement grand-ducal du 25 juillet 2018 portant délimitation des régions de Police. data.legilux.public.lu (25.07.2018). Gekuckt de(n) 25.07.2018.
    11. An der Kaart déi am Memorial publizéiert ass an op déi sech am Art. 1 vum Groussherzogleche Reglement bezu gëtt, ass d'Gemeng Käerch vun der Regioun Süd-West net agezeechent
    12. Loi du 18 juillet 2018 sur la Police grand-ducale, Art. 37
    13. idem, Art. 38
    14. Wa verschidde Kommissariater an enger Gemeng sinn, gëtt awer just ee kommunale Preventiounskommitee ageriicht
    15. (fr)Accord de coalition 2023-2028, S. 112. gouvernement.lu (2023). Gekuckt de(n) 06.07.2024.. "Police locale – La proximité de la police avec les citoyens sera renforcée dans le but d’assurer un travail de prévention sur le terrain. Dans ce sens, une unité de police locale sera constituée au sein du corps actuel de la PGD, sur laquelle le bourgmestre aura un pouvoir de direction dans le cadre de ses missions d'ordre public (tranquillité publique, sécurité publique et salubrité publique)."
    16. (de)Die Police locale soll mit Präsenz für Sicherheit sorgen. Luxemburger Wort (2024-07-06). Gekuckt de(n) 2024-07-06.
    17. Loi du 18 juillet 2018 sur la Police grand-ducale, Art. 40
    18. idem, Art. 42
    19. (fr)Règlement grand-ducal du 17 août 2018 portant 1° détermination de l'emblème, de l'uniforme et de la carte de service de la Police (…). data.legilux.public.lu (17.08.2018). Gekuckt de(n) 06.07.2024.