Op den Inhalt sprangen

Pallasit

Vu Wikipedia
Brahin
Pallasovka
Eagle Station

D'Pallasitte gehéieren zu der Grupp vun de Steen-Eisemeteoritten. Et gëtt ugeholl, datt se sech an differenzéierten Asteroiden, an der Grenzschicht tëscht dem Néckel-Eisen-Kär an dem Silikatmantel bilden.[1]

Pallasitte bestinn aus Olivinkristaller, déi an enger Struktur aus Néckel-Eisen agebett sinn. Si goufen nom däitsche Wëssenschaftler Peter Simon Pallas genannt. De Pallas hat bei senge Reesen a Sibirien bei Krasnojarsk den éischte Pallasit fonnt.

D'Pallasitte goufen wéinst hirer ënnerschiddlecher cheemescher Zesummesetzung an dräi Gruppen agedeelt:

  • Pallasitte vun der Haaptgrupp; bekanntste Vertrieder ass de Pallas-Eisen, deen am Joer 1749 a Sibirie fonnt gouf. Dëse bedeitenden, haut ënner dem Numm „Krasnojarsk“ bekannte Meteorit gouf vum Peter Simon Pallas an de Jore 1772 bis 1777 fir d'éischt ënnersicht an am Wierk vum Ernst F. F. Chladni 1794 publizéiert. Weider grouss a bedeitend Pallasit-Fonntplaze goufen ë. a. 1807 a Wäissrussland (Brahin) an 1951 an Argentinien (Esquel) gemaach.
  • Eagle-Station-Grupp
  • Pyroxen-Pallasitten

All dës Gruppe goufen an engem eegenen Urspronkskierper geformt.

Am Abrëll 2008 gouf vum Bonham zu New York d'1000 kg Haaptmass vum Fukang Pallasitt (am Joer 2000 a China fonnt ginn) ugebueden. De geschate Präis louch bei 2 Milliounen US-Dollar, awer de Meteorit gouf net verkaaft.[2]

Pallasit gëllt och als Synonym fir d'Eisen dat a Meteoritten (och Steeneisemeteoritten) virkënnt.[3]

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. B. Mason, Meteorites. John Wiley, New York 1962.
  2. Fukang Pallasite Meteorite Auction by Bonhams (eng)
  3. Stefan Weiß, Das große Lapis Mineralienverzeichnis, 5. Oplo, Christian Weise Verlag, München 2008, ISBN= 978-3-921656-70-9