Olympesch Summerspiller 1972
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Spiller vun der XX. Olympiad | |
---|---|
Olympesch Summerspiller | |
Maskottchen | Waldi |
Land | Däitschland |
Stad | München, Kiel, Augsburg |
Ufanksdatum | 26. August 1972 |
Schlussdatum | 11. September 1972 |
opgemaach vum/vun der | Gustav Heinemann |
Olympeschen Eed | Heidi Schüller, Heinz Pollay |
Olympesch Fakel | Günther Zahn |
Kompetitiounen | 195 an 21 Sportaarten |
Spiller virdrun | Olympesch Summerspiller 1968 |
Spiller duerno | Olympesch Summerspiller 1976 |
Um Spaweck | https://olympics.com/en/olympic-games/munich-1972 |
D'Olympesch Summerspiller 1972, offiziell Spiller vun der XX. Olympiad, goufe vum 26. August bis den 11. September 1972 zu München an Däitschland organiséiert.
Den aussergewéinlechste Sportler op de Spiller war den US-amerikanesche Schwëmmer Mark Spitz, dee siwe Goldmedaile gewonnen huet. Judo, Bouschéissen an Handball waren nees um Programm.
De 5. September goufen d'Kompetitioune wéinst engem terroristeschen Attentat op d'israeelesch Ekipp (Olympia-Attentat zu München) fir een Dag ënnerbrach.
Et war déi éischt Kéier, datt den Olympeschen Eed och vun engem Kampfriichter ofgeluecht gouf.
Participanten
[änneren | Quelltext änneren]Et hunn 121 Natioune mat am Ganze 7.134 Olympioniken (1.059 Fraen a 6.075 Männer) bei 195 Kompetitiounen an 21 Sportaarte matgemaach.
Participatioun vu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Lëtzebuerg war zu Münche mat 11 Athleete vertrueden. D'Lëtzebuerger hu keng Medail gewonnen.
Zënter 1900 war et déi 13. lëtzebuergesch Participatioun bei den Olympesche Summerspiller.
Participante pro Sportaart
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Olympesch Summerspiller 1972 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Olympesch Summerspiller 1972 op: