Numa Wagner
Ausgesinn
Numa Wagner | |
---|---|
Gebuer | 14. Oktober 1927 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Jurist |
Den Numa Wagner, gebuer de 14. Oktober 1927 zu Roumecht, ass e lëtzebuergesche Jurist an Zwangsrekrutéierten.[1]
De 26. November 1979 gouf hien als Member vum Staatsrot nominéiert an ass dat bis den 2. Oktober 1992 bliwwe, wéi hie vun där Funktioun demissionéiert huet.[2]