National Optical Astronomy Observatory
D'National Optical Astronomy Observatory (NOAO) ass déi US-amerikanesch ëffentlech Institutioun zum Betrib vu buedemgebonne Observatoiren am opteschen an Noinfraroutberäich fir déi owendlech Astronomie. NOAO gëtt mat Mëttele vun der National Science Foundation vun der Association of Universities for Research in Astronomy (AURA) bedriwwen.
Den NOAO schafft mat Teleskopen am Kitt Peak National Observatory an ass am Cerro Tololo Inter-American Observatory an am Gemini-Observatoire bedeelegt.
Et ass den Haaptzougank fir vill US-Astronomen zu groussen Teleskopen a steet alle Beruffsastronome fir Observatiounen op. Donieft gëtt et an den USA traditionell eng dominéierend Roll vu privaten Observatoire mat ageschränktem Zougank, wéi zum Beispill de Keck-Observatoire.