Op den Inhalt sprangen

Messier 80

Vu Wikipedia
Kugelstärekoup
Messier 80
De Messier 80, fotograféiert vom Hubble-Weltraumteleskop
Stärebild Scorpius (Sco)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 16h 17m 2,51s
Deklinatioun − 22° 58' 30,4"
Ausgesinn
Visuell Magnitude 8,70 magm
Wénkelduerchmiesser 10,0'
Physikalesch Donnéeën
Integréierte Spektraltyp   F6
Routverrécklung  (24 ± 14)  10−6
Radialvitess  (7,3 ± 4,1)
Absolutten Duerchmiesser  96 Lj
Geschicht
Entdecker  Pierre Méchain
Entdeckungsdatum  1781
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
M  80
NGC  6093
C   1614-228

De Kugelstärekoup Messier 80 steet am Stärebild Scorpius. Seng Nummer am NGC-Katalog ass 6093. En ass relativ liicht um Himmel ze fannen, well en net wäit vum helle Stär Antares (α Scorpii) an dem δ Scorpii steet.

Den M 80 gouf 1781 vum Pierre Méchain entdeckt. Am selwechte Joer hat och de Charles Messier de Stärekoup observéiert.

Den M 80 ass e liichtschwaachen a klenge Kugelstärekoup am Messierkatalog. Mat engem Teleskop vu 4 cm Ëffnung un, kann de Randberäich an Eenzelstären opgeléist ginn.

Den 21. Mee 1860 war eng Nova am Kugelstärekoup M80 ze gesinn, déi den Numm T Scorpii krut. D'Nova hat op dësem Dag eng Hellegkeet vu 7,0 mag a war domat däitlech méi hell wéi de ganze Stärekoup. De 16. Juni war d'Hellegkeet vun der Nova schonn op 10,5 mag erofgefall.

Commons: Messier 80 – Biller, Videoen oder Audiodateien