Katholieke Universiteit Leuven
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Universitéit a Flandern. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Universitéit Louvain. |
Katholieke Universiteit te Leuven | |
---|---|
(KUL, K.U.Leuven, KU Leuven) | |
Typ | Organisatioun, Educatiounsinstitut |
Land | Belsch |
Schülerzuel | 62.693 |
2020 | |
Gegrënnt | 24. Mee 1970 |
Koordinaten | 50°52'40,66813"N, 4°42'1,05736"O |
Um Spaweck | https://www.kuleuven.be/ |
D'Katholieke Universiteit Leuven (kuerz: KU Leuven)[1], Hollännesch fir Kathoulesch Universitéit Léiwen, ass eng kathoulesch hollänneschsproocheg Universitéit an der belscher Stad Léiwen. Et ass déi eelst Universitéit am Benelux.
1968 gouf d'Universitéit am Kader vum flämesch-frankophone Konflikt gespléckt, an d'Université catholique de Louvain (UCLouvain), eng zweet, franséischsproocheg Universitéit, gouf zu Louvain-la-Neuve gegrënnt.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Grënnung am Joer 1425
[änneren | Quelltext änneren]D'Virgängerinstitutioun vun der haiteger Universitéit gouf iwwer d'peepstlech Bull "Sapientie immarcessibilis" vum 9. Dezember 1425 vum Poopst Martin V. gegrënnt, op Ufro vum Herzog Jang IV. vu Brabant. Ufanks hat si véier Fakultéiten: Geeschteswëssenschaften ("Artes"), Kiercherecht, Zivilrecht a Medezin. 1432 huet de Poopst d'Erlabnes erdeelt, eng Fakultéit fir Theologie ze grënnen. Zënter hirer Grënnung huet d'Universitéit hire Sëtz an engem Gebai aus dem Joer 1317, dat haut als "Universiteitshal" oder "Lakenhal" bekannt ass.
E bësse méi wéi 100 Joer no hirer Grënnung hu ronn 2.000 Studenten op der Universitéit studéiert, dovu méi wéi 200 aus dem Ausland. Ënner anerem den Erasmus vu Rotterdam huet do ënnerriicht a 1517 mam Collegium Trilingue en Zentrum vun den humanisteschen Aktivitéiten an der kritescher Fuerschung gegrënnt.
Renomméiert Geléiert vum 16. bis zum 18. Joerhonnert
[änneren | Quelltext änneren]Am 16. Joerhonnert war Léiwen e Refuge fir déi Geléiert aus ganz Europa. Nieft dem Erasmus waren och den Anatom Andreas Vesalius, de Kartograph Gerhard Mercator, de Mathematiker Gemma Frisius, de Pädagog Juan Luis Vives a vill anerer zu Léiwen täteg. D'Universitéit war och eng Festung géint d'Reformatioun an ass der kathoulescher Kierch trei bliwwen, ouni awer eng reliéis Universitéit ze sinn.
Och am 17. an 18. Joerhonnert huet d'Institutioun weiderhi renomméiert Wëssenschaftler ugezunn. Ee vun hinne war den Dokter Jozef Rega, deen e puer Mol Recteur war. Hien huet 1738 en neie Flillek un d'Universitéitshal baue gelooss, an deem bis zum Feier am Joer 1914 d'Bibliothéik ënnerbruecht war, an och de botanesche Gaart aus dem Joer 1738 an den anatomeschen Theater aus dem Joer 1744 stamen aus senger Zäit.
Zur Zäit vun den Éisträicheschen Nidderlanden huet sech d'Physik als Fuerschungsgebitt eabléiert an et gouf e Laboratoire am fréiere Gebai vun der Artes-Fakultéit etabléiert, dem haitegen M-Museum Leuven. Géint dem Enn vum Zäitalter vun der Opklärung, am Joer 1783, huet de Chemiker Jan Pieter Minckelers entdeckt, datt Liichtgas[2] sech fir d'Beliichtung eegent. Trotzdeem war eng intensiv a strukturell verankert Fuerschung zu Léiwen, wéi an den aneren Universitéiten och, nach bal ee Joerhonnert laang net d'Norm sinn.
D'Universitéit huet d'Stadbild méi a méi gepräägt. Déi vill Gebaier, an deenen d'Studente gelieft a studéiert hu, goufen dacks mat der Ënnerstëtzung vun räichen Donateure gebaut a sinn iwwer de ganze Stadkär verdeelt.
Ënnerbriechung tëscht 1797 an 1817
[änneren | Quelltext änneren]Wéi d'Fransousen d'Stad no der franséischer Revolutioun besat hunn, hu si déi kathoulesch Universitéit 1797 zou gemaach. E puer Joer nom Enn vun der franséischer Herrschaft, wéi déi haiteg Belsch Deel vun dem Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlanden war, huet den hollännesche Kinnek Wëllem I. 1817 eng weltlecht Universitéit zu Léiwen gegrënnt, d'Staatsuniveristéit Léiwen, un där vill vun de Professere vun der aler Universitéit Cours ginn hunn. 1834 haten d'Bëscheef vun der Belsch zu Mechelen eng nei kathoulesch Universitéit gegrënnt, déi d'Joer drop op Léiwen geplënnert ass an do d'Katholieke Universiteit Leuven ginn ass, nodeems 1835 d'Staatsuniveristéit Léiwen opgeléist gi war.
Am 19. Joerhonnert huet sech d'Universitéit virun allem op d'berufflech Fortbildung konzentréiert. Am Laf vun der Zäit huet sech d'wëssenschaftlech Fuerschung méi a méi op d'akademesch Ausbildung konzentréiert. 1889 gouf den Institut fir Philosophie gegrënnt, fir dat kritescht Denken an Aklang mat dem wëssenschaftleche Fortschrëtt nei ze beliewen. Déi Initiative ënner der Leedung vum Désiré-Joseph Mercier - dee spéider Kardinol gouf - huet d'Bedeitung vun der Integratioun vun der wëssenschaftlecher Fuerschung an eng modern Universitéit ënnerstrach. D'Universitéit huet e staarke Schwéierpunkt op d'Geesteswëssenschafte bäibehalen, awer och an aner wëssenschatlech Beräicher expandéiert. Virun allem déi revolutionär Aarbechte vum Professer Georges Lemaître iwwer dat d'Universum, dat sech ausdeent, an iwwer d'Urknalltheorie hu wiesentlech zur allgemenger Relativitéitstheorie an zur Kosmologie bäigedroen.
Spannungen am 20. Joerhonnert
[änneren | Quelltext änneren]Obwuel d'Katholieke Universiteit Leuven am hollänneschsproochege Flandern läit, war wärend dem ganzen 19. Joerhonnert Franséisch d'Haaptsprooch. Wéinst politesche Spannungen huet sech d'Universitéit an den 1960er Joren an zwou onofhängeg Entitéiten opgespléckt: déi hollänneschsproocheg aktuell KU Leuven, an déi franséischsproocheg Université catholique de Louvain (UCLouvain), déi op nei Standuerter zu Louvain-la-Neuve a Bréissel verluecht gouf. Trotz der Trennung schaffen déi zwéi Entitéiten an der Beräicher Bildung, Fuerschung an Organisatioun weiderhin zesummen.
Am Joer 1968 gouf de Pieter De Somer den éischte Rektor vun der onofhängeger Universitéit, déi sech doropshin op den Ausbau vun hirer wëssenschaftlecher an internationaler Presenz konzentréiert huet. An där Zäit koum et zu enger spronghafter Croissance vun der Fuerschung a vun de Studenten, wat zur Entwécklung vun neie Standuerter fir Wëssenschaft, Technologie a Biomedezin gefouert huet. Och d'Universitéitsklinicke goufen an den 1980er ausgebaut.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Katholieke Universiteit Leuven – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Quellen
[änneren | Quelltext änneren]- KU Leuven: An Eventful History, kuleuven.be (lescht Aktuliséierung den 19. September 2023)
- Catholic University of Leuven, britannica.com (gekuckt den 19. August 2024)
- Oude Universiteit Leuven (1425-1797)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Legal Informatioun zur Univeristéit
- ↑ op Franséisch: gaz de houille; op Däitsch: Stadtgas oder Leuchtgas