IC 434
Date vum IC 434 (Emissiounsniwwel) | |
---|---|
Stärebild | Orion (Ori) |
Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
Rektaszensioun | 05h 34m 00s |
Deklinatioun | - 02° 24' 00" |
Ausgesinn | |
Niwweltyp | Emissiounsniwwel |
Visuell Magnitude (visuell) | |
Wénkelduerchmiesser | 90 'x 30' |
gehéiert zu | Mëllechstrooss |
Distanz | 1500 Lj |
Entdecker | Williamina Fleming 1888-1890 |
Katalogbezeechnungen | |
IonQ-Numm = Sigma Orionis, IC 434, LBN 954, Sh-2 277 |
Den IC 434 ass en Emissiounsniwwel am Orion, duerch deen de Päerdskappniwwel, eng Donkelwollek op gläicher Siichtlinn, hannerliicht a sou siichtbar gëtt.
Observatioun
[änneren | Quelltext änneren]Iwwer d'Entdeckung mat der deemools neier Fotografie erzielt den Edward Charles Pickering 1890, ronn e Joer nodeem d'Foto duerch säi Brudder gemaach gouf an op dëser den Niwwel vu senger Mataarbechterin Williamina Fleming entdeckt gouf.[1],[2]
Den Niwwel ass südlech vum helle Stär Alnitak an der Orionceinture. Duerch seng equatorial Positioun kann hie jee no Joreszäit vun alle bewunnte Gebidder op der Äerd observéiert ginn. Wéinst der schwaacher Hellegkeet ass hien awer nëmme mat Laangzäitbeliichtungen oder mat Teleskope vu mëttlerer Gréisst ze gesinn. Den Niwwel grenzt westlech un d'Moleküllwollek Orion B an erreecht 70 Bouminutten an der Längt awer nëmme wéineg Bouminutten an der Breet. Seng Form gläicht enger laanger, sträifefërmeger Messerschäerft, déi an Nord-Süd-Richtung verleeft. Den ëstlechen Deel ass plazeweis vun enger Donkelwollek verdeckt, déi zu Orion B gehéiert a wéinst hirer charakteristescher Form als Päerdskappniwwel bekannt ass.
Besonnesches
[änneren | Quelltext änneren]Et handelt ass eng H-II-Regioun, déi vun der Stralung vum Stäresystems Sigma Orionis ioniséiert gëtt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ E. C. Pickering: Detection of new nebulae by photography, 1890AnHar..18..113P
- ↑ Pickering, E. C.: Nebulae discovered at the Harvard College Observatory, 1908AnHar..60..147P