Op den Inhalt sprangen

Grigori Alexandrowitsch Potjomkin

Vu Wikipedia
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Grigori Alexandrowitsch Potjomkin
Portrait vun 1847 (no sengem Doud)
Gebuer 13. September 1739 jul.
Tschijewo
Gestuerwen 5. Oktober 1791 jul.
Nationalitéit Russescht Keeserräich
Aktivitéit Linguist, Militär, Politiker
Famill
Papp Alexander Potjomkin

De Grigori Alexandrowitsch Potjomkin [pɐˈtʲɵ.mkʲɪn], Fürst vun Taurien, op Russesch Григорий Александрович Потёмкин, wëss. Transliteratioun Grigorij Aleksandrovič Potëmkin, gebuer den 13. Septemberjul./ 24. September 1739greg. zu Tschijewo bei Smolensk, a gestuerwen de 5. Oktoberjul./ 16. Oktober 1791greg. bei Jassy, begruewen an der Kathedral vun der helleger Kathrine zu Cherson, war e russesche Feldmarschall, Staatsmann a Vertrauenspersoun vun der russescher Zarin Katharina déi Grouss.

An Erënnerung bliwwen ass e virun allem wéinst sengen Efforte fir d'Besiidlung vun der südukrainescher Stepp (Grënnung vu Stied wéi Cherson, Mykolajiw, Sewastopol an Dnepropetrowsk) a wéinst dem Opbau vun der Schwaarzmierflott op der Krim.

  • Saint-Jean (Sekretär vum Fürst): Lebensbeschreibung des Gregor Alexandrowitsch Potemkin des Tauriers (publ. vu Rothermel, Karlsr. 1888).
Commons: Grigory Potemkin – Biller, Videoen oder Audiodateien