Gemeng Wäiswampech
Gemeng Wäiswampech | |
---|---|
Wanterlech Landschaft an der Gemeng Wäiswampech | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Weiswampach de: Weiswampach |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Klierf |
Chef-lieu | Wäiswampech |
Buergermeeschter | Néckel Polfer |
Awunner | 2.456 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 3.525 ha |
Héicht | 492 m |
Koordinaten |
50° 08’ 20’’ N 06° 04’ 30’’ O |
LAU-Code | LU0505 |
Websäit | https://www.weiswampach.lu/ |
D'Gemeng Wäiswampech ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Klierf. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Wäiswampech vun där se och hiren Numm huet.
Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Wäiswampech läit an der nërdlecher Spëtz vum Land, am Kanton Klierf a grenzt nieft der belscher Grenz am Norden an Osten un d'Gemenge Ëlwen am Westen, Klierf am Süden an am Süd-Westen. Mat engem Héichtenënnerscheed vu 519 op 450 m läit d'Gemeng deelweis op engem fielsegen Héichplateau, ëmgi vu Mësch- a Bichebëscher a Fiichtemonokulturen, tëscht dem Ourdall an enken Däller vun de wellefërmegen Héichflächen. Duerch d'Schafe vun zwéi kënschtleche Séien an der Uertschaft Wäiswampech huet d'Gemeng en touristeschen Opschwonk erlieft.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Am 20. Joerhonnert ass d'Awunnerzuel vum Ufank bis an d'1970er Joren ëm d'Hallschecht erofgaangen. Dono goung se nees no uewen, wat ufanks duerch den Tanktourismus an d'Bankfilialen, déi sech op eng belsch Clientèle spezialiséiert haten, zeréckzeféiere war.
Tëscht 2006 an 2016 goung d'Bevëlkerungszuel vun 1.232 op 1.756 erop. Haut gëtt et do eng sëllege Betriber, déi sech an de leschte Joren niddergelooss hunn: Fiduciairen, Logistiksentreprisen, Holdingen, Geschäfter, ma och vill Kleng- a Mëttelbetriber am Handwierks- oder Informatiksberäich. Eng 2000 Leit, dorënner vill Frontalieren aus der Belsch, schaffen do[1].
Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Wäiswampech ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
D'Gemeng ass zanter dem 4. August 2017 Member vum Klimapakt[2], awer - als eenzeg Gemeng am Kanton Klierf - net Member vum Naturpark Our[3].
Entwécklung vun der Awunnerzuel
[änneren | Quelltext änneren]Quell:STATEC
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]Beschreiwung am Originaltext: d'azur à la bande vivrée d'or, accompagnée en chef d'un lion du même, armé et lampassé du gueules, en pointe d'un cor d'or virolé de gueules |
Politik
[änneren | Quelltext änneren]De Gemengerot vun der Gemeng Wäiswampech gëtt nom Majorzsystem gewielt.
Buergermeeschteren
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
- ...
- ? - 1969: ... Rinnen
- ...
- 1972 - 1984: Mathias (Mett) Schon
- ...
- 1995 - 2023: Henri Rinnen (DP)
- 2023 - 2024[4]: Claude Daman
- zanter 2024: Néckel Polfer[5]
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- De Musée A Schiewesch zu Bënzelt
- De Wämper Séi
- De Lancaster Memorial
Bekannt Leit aus der Wampecher Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]- Charles Reiffers (1920-1985), Jurist a Resistenzler
- Adolphe Delvaux (1877-1960), Missionnaire
- René Konen (1921-1994), Politiker a Resistenzler
- Paul-Henri Meyers (*1937), Affekot a Politiker
- Michel Molitor (1890-1988), Schoulmeeschter an Auteur
- Heng Rinnen (1914-1998), Sprooch- a Vullefuerscher
- Henri Rinnen (*1949)
- Georges Thinnes (1884-1947), Bauer a Politiker
- Jean-Pierre Jérôme Thinnes (1843-1918), Bauer a Politiker
- Jean-Pierre Toutsch (1811-1887), Magistrat a Politiker
- Gustave Zanter (1916-2001), Glasmoler a Mosaik-Kënschtler
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Berbeć, S., 1992. Approche typologique de l'architecture rurale au grand-duché de Luxembourg. Publications nationales. Ministère des affaires culturelles. 169 S. ISBN 2-87984-002-3. (Cf. Wäiswampech S. 41-60).
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Wäiswampech
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Wäiswampech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Wäiswampech
- D'Gemeng Wäiswampech op der Websäit vum Syvicol
- Säit vun der Wämper Schull
- De Lancaster Mémorial
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Bernard Thomas: "World Wide Weisswampach." d'Lëtzebuerger Land Nr.9, 3. Mäerz 2017, S.9.
- ↑ (fr)Communes engagées dans le Pacte Climat. pacteclimat.lu. Gekuckt de(n) 21.07.2020.
- ↑ (de)Naturpark Our - Mitgliedsgemeinden. naturpark-our.lu. Gekuckt de(n) 21.07.2020.
- ↑ (de)Weiswampacher Bürgermeister Claude Daman tritt zurück. Luxemburger Wort (09.09.2024). Gekuckt de(n) 09.09.2024.
- ↑ "Néckel Polfer a Mario Dichter - Wäiswampech huet een neie Buergermeeschter a Schäfferot." rtl.lu, 01.10.2024.