Gal
D'Gal oder Galeflëssegkeet (gr.: cholé; lt.: fel a bilis) ass eng zéi Kierperflëssegkeet, déi bei der Verdauung vun de Fetter hëlleft.
Si gëtt an der Liewer produzéiert an an der Reegel an der Galeblos gespäichert. Duerno gëtt si wärend dem Ophuele vun der Moolzecht an den Zwieleffangerdaarm ofginn.
D'Gal besteet zu iwwer 80% aus Waasser, an deem Elektrolyten, Salzer, Cholesterol, bestëmmte Fetter wéi Lecithin, a Faarfstoffer opgeléist sinn.[1] Bilirubin ass dobäi de wichtegste Galefaarfstoff. En entsteet beim Ofbaue vun de roude Bluttkierpercher an der Liewer. E gëtt dem Urin seng typesch Giel an dem Kot seng brong Faarf.[2]
Och d'Faarf vun der Gal variéiert mam Undeel vun de Galefaarfstoffer Bilirubin a Biliverdin. Si ass entweder gielzeg oder gréngelzeg. Wa si staark agedéckt ass, ass si méi brongelzeg.
Den Zweck vun de Galesalzer ass et, gréisser Fettelementer an der Narung am Daarm méi kleng ze maachen. D'Verdauungsenzymer aus der Bauchspeicheldrüs wierke besser bei méi klengen Elementer a kënnen d'Fetter da méi liicht splécken. Zousätzlech hëllefen d'Galesalzer den Daarmzelle beim Ophuele vun de gespléckte Fetter.[2]
Ëmgangssproochlech gëtt mat der "Gal" net nëmmen d'Galeflëssegkeet, mee och d'Galeblos bezeechent, also de Beidel, an deem si gespäichert gëtt.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ DocCheck Flexicon: Galle
- ↑ 2,0 2,1 gesundheitsinformation.de: Wie funktionniert die Gallenblase?