Op den Inhalt sprangen

Extraterrestresch

Vu Wikipedia

Extraterrestresch (vum lat. extra, „vu baussen“ an terra, „Äerd“) heescht – als Ofgrenzung zu terrestresch – sou vill wéi ausserierdesch.

Als extraterrestresch ginn an der Astronomie Himmelskierper bezeechent, déi auswäerts vum Planéit Äerd inklusiv senger Atmosphär sinn oder do hiren Urspronk hunn. Déi Extraterrestresch Physik beschäftegt sech mat physikalesche Phenomeener ofsäits vun eiser Äerd an ass enk verwuess mat der Astrophysik. Astronomesch Objeten, deenen hiren Urspronk net am Sonnesystem läit, ginn och extrasolar genannt. Sou ginn d'Planéiten, déi en anere Stär wéi d'Sonn hunn a ronderëm kreesen, als extrasolar Planéite bezeechent.

Gebraucht gëtt extraterrestresch och am Zesummenhank mat méiglechem ausserierdesche Liewen, wat an der Exobiologie an a Science-Fiction-Erzielungen a -Filmer eng Roll spillt.