Diddeleng
Diddeleng | |
---|---|
Vue op Diddeleng | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Dudelange de: Düdelingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Esch-Uelzecht |
Gemeng | Diddeleng |
Buergermeeschter | Dan Biancalana (LSAP) |
Awunner | 21.953 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 838,8123 ha |
Héicht | 295 m |
Koordinaten |
49° 28’ 56’’ N 06° 05’ 04’’ O |
Diddeleng ass eng Kadastersektioun an der Gemeng Diddeleng déi, bis Diddeleng de 4. August 1907 eng Stad gouf, nieft Butschebuerg a Biereng eng vun den dräi Uertschaften an der Diddelenger Gemeng war. Diddeleng ass eng vun den 12 Stied am Groussherzogtum Lëtzebuerg.
Zu Diddeleng stoung déi éischt modern integréiert Schmelz vu Lëtzebuerg an dofir gëtt d'Stad och nach Forge du Sud genannt.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Diddelenger Schmelz.
Geographesches
[änneren | Quelltext änneren]Diddeleng läit am Nordoste vum loutrengesche Minettsbaseng um Bord vun der Cuesta vum Bajocium am Dall vun der Diddelengerbaach.
De Süde vum Dall, wou grouss Industrieanlage stinn, ass vun Osten hier vun den Héichte vum Doggerplateau begrenzt an no Norden an Nordoste geet en op an den Dall vun der Gander a vun der Uelzecht.
Topographesches
[änneren | Quelltext änneren]Am Nordweste steet eng eenzel Kopp de Gehaansbierg, ee sougenannten Ëmlafbierg, mat enger Héicht vu 405 m, op deem Iwwerreschter vun enger Buergruin a réimescher Festung ze fanne sinn.
Déi héchst Plaz ass de Ginzebierg deen eng Héicht vu 424 m (NG-L) huet, an ënner deem op engem Plateau op enger Héicht vu 417,5 Meter den RTL's-Sender steet, deen e bei klorem Wieder op méi wéi 20 km gesi kann.
Den déifste Punkt ass am Thilleweier op der franséischer Grenz op 256 m.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Waassertuerm + Pomhouse, de fréiere Waassertuerm an d'Pompelstatioun vun der Diddelenger Schmelz; haut Musée mat ë. a. der permanenter Fotosausstellung The Bitter Years 1935-1941.
- D'Kierch St. Martin an déi restauréiert Stahlhut Uergel vun 1912.
- De Centre de documentation sur les migrations humaines an der Gare Diddeleng-Schmelz
- Den 285 Meter héijen Antennepotto vun RTL um Ginzebierg
- De Regionalmusée vun den Zwangsrekrutéierten
Bekannt Diddelenger
[änneren | Quelltext änneren]- Jean-Pierre Adam Kënschtler
- Andy Bausch, Filmregisseur
- Benny Berg, Minister
- Nic Biever, Minister
- Marthe Bigelbach-Fohrmann, Deputéiert
- Nicolas Birtz, Buergermeeschter an Deputéierten
- Jean-Marie Biwer, Moler
- Alex Bodry, Minister
- Mars Di Bartolomeo, Minister
- Jean Fohrmann, Buergermeeschter an Deputéierten
- Henri Freylinger, Armurier an Olympionik
- Jean Hengen, Äerzbëschof
- Erna Hennicot-Schoepges, Ministesch
- Norbert Hoffmann, Dirigent vun der Militärmusek
- Frantz Kinnen, Moler
- Robert Krantz, Schoulmeeschter a Lokalhistoriker
- Dominique Lang, Moler
- Raymond Reuter, Fotograf
- Edy Schütz, Vëlossportler
- Armand Strainchamps, Moler
- Marc Theis, Fotograf
- Michel Think, Armurier an Olympionik
- Elvira Berend, Senior Schach Weltmeeschterin 2017,2018,2019
Literatur zum Theema
[änneren | Quelltext änneren]- Diddeléng - Gëscht an haut; Éditions Schortgen, 2020; Bildband vun 240 Säiten.
- 100 Joer Diddeleng, Bäilag vum Tageblatt Nr. 286 vum 8. Dezember 2007, 24 S.
- Dudelange, l'usine centenaire; Lëtzebuerg, Arbed s.a., 1982, 219 S.
- Krantz, Robert, Koerperich, Léon: Düdelinger Chronik, Band I, Aus dem Mittelalter in die Neuzeit (798-1907); Esch-Uelzecht, Imprimerie coopérative luxembourgeoise, 1980
- Krantz, Robert, Koerperich, Léon, Conrardy, Jean-Pierre: Düdelinger Chronik, Band II, 75 Jahre Stadt Düdelingen (1907-1982) & 100 Jahre Düdelinger Hütte (1882-1982); Esch-Uelzecht, Éditpress, 1982
- Weber, Albert, Düdelingen - vom Dorf zur Stadt. Beiträge zur Düdelinger Lokalgeschichte; (ouni Datum; 1985), erausgi vun der Stadverwaltung vun Diddeléng a vun der Kulturkommissioun; 227 S., ill..
Historesch Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Héichiewen zu Diddeleng. Foto Charles Bernhoeft, 1891
-
D'"Villa Urbany" um Deich, 1905 gebaut[1]
-
Place de l'église. Foto J.M. Bellwald, Ufank 20. Joerhonnert
-
Diddeleng vum deemolege Schlakentipp aus gesinn.[2] Foto J.M. Bellwald, Virun 1908
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ cf. Antoinette Lorang: Die märchenhafte Villa des Dr Urbany; in La maison d'en face. Das Haus gegenüber. Säit 149-152, Éditions Le Phare, Esch-Uelzecht, 1995, 202 S. ISBN 2-87964-031-8
- ↑ De Schlakentipp war deemools beim Schwaarze Wee ier en op Butschebuerg verluecht gouf. Enn den 1980er ass deen Tipp ofgedroe ginn a mat him ass och de Schwarze Wee verschwonnen, respektiv gouf d'Route de Thionville (CR190).