Cirey-sur-Vezouze
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Meurthe-et-Moselle | ||||
Arrondissement | Lunéville | ||||
Kanton | Baccarat | ||||
Postcode | 54480 | ||||
Gemengecode | 54129 | ||||
Koordinaten | 48° 34’ 54’’ N 06° 56’ 54’’ O | ||||
Fläch | 1.639 ha | ||||
Bevëlkerung | 1.794 (1999) |
Cirey-sur-Vezouze ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Meurthe-et-Moselle an der Regioun Grand Est.
Cirey läit wéi den Numm et seet am Dall vun der Vezouze déi do duerch den Zesummelaf vum Val a vum Châtillon entsteet. Am Oste vu Cirey läit de Massif du Donon
D'Awunner vu Cirey nenne sech selwer Les Loups.
D'Uertschaft war fréier Besëtz vum Bistum Toul, a goung dunn 1286 un de Bistum Metz.
Cirey war de Sëtz vun der Zisterzienserabtei Haut-de-Seille déi do 1140 gegrënnt gouf, a 1789 zerstéiert gouf.
Cirey gouf 1552 u Frankräich ugeschloss.
Am Joer 1801 gouf do eng Glasmanufaktur opgeriicht, a Cirey ass Haaptuert vum Kanton zanter 1873.
Am Éischte Weltkrich wat Cirey vum éischten Dag bis den 11. November 1918 vun de Preise besat.
Fir dohin
[änneren | Quelltext änneren]Cirey-sur-Vezouze ass mam Auto eng 200 Kilometer vun der Stad Lëtzebuerg ewech; d'Streck féiert iwwer Metz an Nanzeg.
Nopeschgemengen
[änneren | Quelltext änneren]Leit déi mat der Uertschaft ze dinn hunn
[änneren | Quelltext änneren]- De Charles Thomas, Ënneroffizéier an der franséischer Arméi virum Zweete Weltkrich, an am Krich ee vun den Haaptleit an der FFI, gouf am Bësch vu Cirey vun der Gestapo higeriicht. E Stèle op der Plaz, wou hie mat 3 Komeroden erschoss gouf, erënnert dodrun.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Déi neoklassesch Kierch St. Bernard vun 1839 mat der Uergel vun 1883.
- D'Reschter vun der Abtei Haute-Seille an d'Ruine vun der Fass vun der Kierch aus dem 12. Joerhonnert déi als historescht Monument klasséiert sinn.
- D'Reschter vum Schlass aus dem 18. Joerhonnert an de Schlasspark.