Charlotte (Virnumm)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Virnumm Charlotte. Fir aner Bedeitunge vum Numm, kuckt wgl. Charlotte. |
Charlotte | |
---|---|
Geschlecht | weibleche Virnumm |
Namensdag | 17. Juli |
Ursprong | |
Sprooch | Alhéichdäitsch karal |
Genannt no | Charlotte Thouret |
Varianten | |
Alternativen | Charlott, Charlette, Charlotta, Carlotta, Karlotta, Carlota→ |
Spëtznumm | Lott(i), Lottchen, Lollo, Lolli |
Anert Geschlecht | Charlot |
Charlotte ass ee weibleche Virnumm, deen als Diminutiv vum franséische Virnumm Charles ofgeleet ass.
Ursprong a Bedeitung vum Numm
[änneren | Quelltext änneren]Charlotte setzt sech aus dem Numm Charles (Karl, Karel, Charel...), dee vum Alhéichdäitsche Wuert karal hierkënnt an "deen Dichtegen", "de Fräien", "de Mann" heescht, an dem franséischen Diminutivaffix -otte zesummen.
Namensdag
[änneren | Quelltext änneren]D'Charlotten hunn de 17. Juli hiren Namensdag als Referenz un d'Charlotte Thouret (Charlotte vun der Operstéiung); de 4. November ass dee vum Charles (Karl Borromäus).
Varianten an Ofkierzungen
[änneren | Quelltext änneren]Varianten am Lëtzebuergesche sinn: Lott(i), Lottchen, Lollo, Lolli[1].
An anere Sprooche gëtt et eng sëllege Varianten, sou wéi och an hiren Diminutiv- oder Affektivformen, sou z B.: Lotte, Lotta, Charlott, Charlot, Charlette, Charlotta, Carlotta ((it)), Karlotta, Carlota ((es)), Lotti, Charlie a Sarolta (ongresch).
Charlotte gëtt et och als Prefix oder Suffix an zesummegesate Virnimm, absënns Charlotte-Catherine oder Marie-Charlotte.
Leit mam Virnumm Charlotte
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- d'Groussherzogin Charlotte vu Lëtzebuerg
- de Familljennumm Charlotte
- den Dessert Charlotte
- d'Gromper Charlotte
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Charlotte – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (lb)Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch - Virnimm. www.actioun-letzebuergesch.lu. Gekuckt de(n) 06.10.2023.