Op den Inhalt sprangen

Chang'e-4

Vu Wikipedia
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Chang'e 4
De Fuerschungssatellit Eyplorer 8
Typ Lander a Rover
Land Volleksrepublik China
Agentur CNSA
COSPAR-Bezeechnung 2018-103A
Missioun Äerdmound
Startmass Lander: 1.200 kg
Rover: 140 kg
Start 7. Dezember 2018
Startplaz Kosmodrom Xichang
Drorakéit Changzheng 3B/E
Status aktiv

Chang'e-4 (Cháng'é-Sìhào) ass eng Raumsond vun der China National Space Administration (CNSA), déi de 7. Dezember 2018 gestart gouf an aus engem Lander mat engem Rover besteet. Chang'e-4 ass China hiren zweete Moundlander a Rover. No der erfollegräicher Landung vun Chang'e-3 gouf Chang'e-4 un nei wëssenschaftlech Ziler ugepasst. Wéi säi Virgänger ass d'Raumgefier no der Chang'e, der chineesescher Moundgëttin, genannt.

D'Sond war den 3. Januar 2019 um 3:26 Auer MEZ erfollegräich am Moundkrater Von Kármán um Südpol-Aitken-Becken op der Moundrécksäit gelant[1].

De chineesesch Moundfuerschungsprogramm ass an dräi Phasen opgedeelt: Déi éischt Phas bestoung am Erreeche vum Moundorbit, wat mat de d'Missioune vu Chang'e-1 am Joer 2007 a Chang'e-2 am Joer 2010 realiséiert gouf. Déi zweet war d'Landung an d'Aussetze vun engem Rover op dem Mound, wéi et mam Chang'e-3 am Joer 2013 a mam Chang'e 4 am Januar 2019 geschouch. An der drëtter Phas solle Moundprouwe vun der äerdzougedréiter Säit gesammelt an op d'Äerd geschéckt ginn – eng Aufgab fir déi zukünfteg Missioune Chang'e-5 a Chang'e-6. Dee Programm soll an den 2030er Joren eng bemannt Moundlandung erméiglechen a viraussiichtlech fir e Bausseposten an der Géigend vum Südpol opriichten.

D'Chang'e-4-Missioun gouf 2015 am Kader vun der zweeter Phas vum chineesesche Moundfuerschungsprogramm gestart. Duerch déi am Verlaf ugepassten Ziler an den Design vun der Missioun haten e bëssi zu Verspéidunge gefouert. An dëser Missioun gëtt versicht, den Alter an d'Zesummesetzung vun enger onerfuerschter Moundregioun ze bestëmmen. Ausserdeem sollen déi erfuerderlech Technologie fir déi follgend Phase vum Programm entwéckelt ginn. De chineesesche Mounderfuerschungsprogramm huet fir d'éischt Kéier privat Investitioune vun Eenzelpersounen an Entreprisë bewëllegt, fir Innovatiounen an der Loft- a Raumfaart z'aktivéieren, Produktiounskäschten erofzesetzen a militäresch-zivil Bezéiungen z'ënnerstëtzen. No Chang'e-4 gëtt China mat enger Rei weiderer roboter-baséierter Moundmissiounen nokommen. Déi sollen de Grondstee fir méiglech bemannt Missiounen an den 2030er Jore leeën.

Zu de wëssenschaftlechen Ziler gehéieren:

  • Miessung vun der Mounduewerflächentemperatur iwwer d'Dauer vun der Missioun
  • Miessung vun der cheemescher Zesummesetzung vu Moundgestengs a -buedem
  • nidderfrequent radioastronomesch Observatiounen an Ënnersich
  • Studium vun der kosmescher Stralung
  • Observatioun vun der Sonnekorona, Ënnersich vun hirer Stralungseegenschaften an -mechanismen an Ënnersich vun der Entwécklung an dem Transport koronaler Massenauswërf (CME) tëscht Sonn an Äerd

Relais-Satellit Queqiao

[änneren | Quelltext änneren]
Kommunikatioun mat Chang'e-4

  Haaptartikel zu dësem Theema: Elsternbréck (Relais-Satellit) 

Well eng direkt Funkverbindung mat der Moundrécksäit net méiglech ass, gouf den 21. Mee 2018 um 05:28 Uertszäit de Relais-Satellit Elsternbréck (Queqiao) vum Kosmodrom Xichang gestart an am Halo-Orbit ëm den Äerd-Mound Lagrange-Punkt L2 hannert dem Mound stationéiert. Den Numm vum Satellit leet sech aus der chineesescher Geschicht vum Kouhirt an der Weberin of.

Mikrosatellitten

[änneren | Quelltext änneren]

Am Kader vun der Missioun Chang'e 4 goufen zesumme mat Queqiao zwee Mikrosatellitten (vu jee 45 kg) mam Numm Longjiang-1 a Longjiang-2 (Draachefloss) gestart. Longjiang-1 konnt awer net an de Moundorbit antrieden, wärend Longjiang-2 erfollegräich war an am Ament am Moundorbit opereréiert. Dës Mikrosatellitten haten d'Aufgab, den Himmel bei ganz niddrege Frequenzen (1 MHz bis 30 MHz), entspriechend Wellelängte vun 300 m bis 10 m, z'observéieren, fir energeetesch Phenomeene kosmeschen Ufank z'ënnersichen. Dat war e laang gesichten Zil vun der Wëssenschaft, well wéinst der Ionosphär vun der Äerd keng Observatiounen an dësem Frequenzberäich am Äerdorbit duerchgefouert ka ginn. Geplangt war e Gruppefluch vun zwou Sonden, fir Interferometrie betreiwen ze kënnen.

Bildmosaik vun der Moundrécksäit, opgeholl vun LRO. Lénks uewen d'Mare Moscoviense, lénks ënnen den donkele Krater Tsiolkovskiy, um ënneschte Bilddrëttel déi fleckeg grouss Beckeregioun vum Mare Ingenii, Leibnitz, Apollo a Poincaré.

Lander a Rover

[änneren | Quelltext änneren]

De Lander an de Rover goufe sechs Méint nom Start vum Relaissatellit den 8. Dezember 2018 um 02:23 Uertszäit mat enger Changzheng 3B/E Drorakéit – och vum Kosmodrom Xichang aus – an de Weltraum geschéckt. Et ass déi éischt Landung iwwerhaapt op der Récksäit vum Mound. Si war an enger nach net erfuerschter Regioun vum Mound gelant, déi als Südpol-Aitken-Becken genannt gëtt.

Déi total Landemass vun der Eenheet war 1340 kg (1200 kg de Lander an 140 kg de Rover). No der Landung war de Lander eng Ramp ausgefuer, fir de Rover Jadehase 2[2] op d'Mounduewerfläch ze bréngen. De Rover huet eng Gréisst vun 1,5 × 1,0 × 1,0 m an eng Mass vu 140 kg.

Wëssenschaftlech Notzlaaschten

[änneren | Quelltext änneren]

Souwuel Lander a Rover wéi och Queqiao an déi de Mound ëmkreesend Mikrosatellitten droe wëssenschaftlech Notzlaaschten. De Relais-Satellit stellt d'Kommunikatioun sécher, wärend Lander a Rover d'Geophysik vun der Landezon ënnersiche sollen. Dës Notzlaaschte ginn zum Deel vun internationalen Wëssenschaftler a Schweden, Däitschland, Holland a Saudiarabie geliwwert.

De Lander an de Rover transportéiere wëssenschaftlech Notzlaaschten, fir d'Geophysik vun der Landezon mat enger begrenzter cheemescher Analysfäegkeet z'ënnersichen.

De Lander ass mat follgenden Instrumenten ausgerëscht:

  • Landekamera (LCAM)
  • Terrain-Kamera (TCAM)
  • Nidderfrequenzspektrometer (LFS) fir d'Erfuerschung vu Sonnebursts
  • Lunar Lander Neutrons and Dosimetry (LND), ee vun der Universitéit Kiel an Däischland entwéckelt Neutronendosimeter
  • De Lander huet och en 3-kg-Tank mat Soom an Insekteneeër u Bord, fir ze testen, ob Planzen an Insekten a Synergie ausginn an zesumme wuesse kënnen. D'Experiment ëmfaasst Soom vu Gromperen an Arabidopsis thaliana souwéi Seideraupeneeër. Wann d'Larven ausginn, produzéiere se Kuelendioxid, wärend déi gekeimte Planzen duerch Photosynthes Sauerstoff fräisetzen. Et ass ze hoffen, datt d'Pflanzen an d'Raupen zesummen eng einfach Synergie bannenzeg vum Tank schaafe kënnen. Eng Miniaturkamera mécht de Wuesstum visuell. 1982 hat d'Crew vun der sowjetescher Raumstatioun Saljut 7 e puer Arabidopsis gezücht; et waren déi éischt Planzen, déi am Weltraum geblitt haten a Soom produzéierten. Si haten eng Liewensdauer vu 40 Deeg.

  Haaptartikel zu dësem Theema: Jadehase 2 

  • Panoramakamera (PCAM)
  • Lunar Penetrating Radar (LPR) ass e Buedemradar
  • Visible and Near-Infrared Imaging Spectrometer (VNIS) fir d'Bildspektroskopie
  • Advanced Small Analyzer for Neutrals (ASAN) as en energeeteschen Analysator fir neutral Atomer vum schweedeschen Institut fir Weltraumphysik (IRF). Et wäert opdecken, wéi Sonnewand mat der Mounduewerfläch interagéiert a vläicht souguer de Prozess vun der Genesis vu Moundwaasser.

Landeplaz ass den Von-Kármán-Krater (180 km Duerchmiesser) um Südpol-Aitken-Becken op der äerdofgedréiter Moundsäit. D'Landung war den 3. Januar 2019 um 02:26 UTC.

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Erste Landung auf Mond-Rückseite geglückt, Tagesschau.de vom 3. Januar 2019; gekuckt den 3. Januar 2019
  2. Roboter an Bord der "Chang'e 4": Chinas Mond-Rover rollt los - spiegel.de