Albertina (Wien)
Land | Éisträich |
---|---|
Gemeng |
Innere Stadt, Wien |
Koordinaten |
48° 12’ 16.42’’ N 16° 22’ 05.95’’ O |
Datum vum Bau | 1776 |
D'Albertina ass e Musée am Quartier Innere Stadt zu Wien.
De Musée huet eng vun de gréissten a bedeitendste Sammlunge vun Zeechnungen an Dréck (eng 65.000 Zeechnungen a ronn 1 Millioun Dréck vun ale Meeschteren).
Donieft gehéieren zu der Sammlung och modern Grafiken, Fotoen an architektonesch Entwërf a Pläng.
Ausserdeem ass an der Albertina eng Privatkollektioun vu Konschtwierker aus der Zäit vum spéiden 19. a fréien 20. Joerhonnert (ë. a. am impressionistesche Stil) ze gesinn, déi dem Musée iwwer e permanente Prêt zur Verfügung gestallt gouf.
Den Numm geet zeréck op den Herzog Albert vu Sachsen-Teschen, deen de Palais, direkt nieft der Hofburg, als Residenz benotzt huet, a wou e spéider seng Sammlung vu Grafike versuergt huet, déi e vu Bréissel dohibruecht hat, nodeems en do Gouverneur vun den Éisträicheschen Nidderlande war.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Etude fir dat Lescht Owesiessen vum Leonardo da Vinci, c. 1495
-
Jonken Hues vum Albrecht Dürer (1502)
-
De Moler an de Keefer vum Pieter Bruegel den Eeleren, 1565
-
D'Meedche mam Muermeldéier vum Jean-Honoré Fragonard, ouni Datum
-
Dat wäisst Päerd "Gazelle" vum Henri de Toulouse-Lautrec, 1881
-
Weier mat Waasserlilien, vum Claude Monet, c. 1917–1919
-
D'Haus an de Rousen vum Claude Monet, c. 1918