61 Cygni
61 Cygni | |
Stärebild: | Cygnus (Cyg)
|
Daten (Equinoxe J2000.0) | |
Rektaszensioun | 21h 06m 54s |
Deklinatioun | + 38° 44' 58" |
Visuell Magnitude | + 4,8 mag |
Spektralklass: | K5 V / K7 V |
Astrometrie | |
Radialvitess: | (−64,3 ± 0,9) km/s / (−63,5 ± 0,9) |
Parallax | (287,18 ± 1,51) mas / (285,47 ± 0,72) |
Distanz | 11,4 Lj |
Exzentrizitéit | 0,48 ± 0,03 |
Bunnschréi | 54° ± 3° |
Absolut Hellegkeet | 7,49 mag |
Physikalesch Eegenschaften | |
Mass: | 0,7 M☉ / 0,63 M☉ |
Radius: | 0,72 R☉ / 0,67 R☉ |
Liichtkraaft: | 0,0861 L☉ / 0,0405 L☉ |
Uewerflächentemperatur | 4.350 K / 4.060 K |
Metallizitéit | -0,20 / -0,27 |
Aner Bezeechnungen | |
Flamsteed = 61 Cygni | |
BD1 = +38° 4343 / BD2 = +38° 4344 | |
HD1 = 201091 / HD2 = 201092 | |
HIP1 = 104214 / HIP2 = 104217 | |
HR1 = 8085 / HR2 = 8086 | |
SAO = 70919 | |
TYC1 = 3168/2800/1 / TYC2 = 3168/2798/1 | |
WDS = J21069+3845 | |
ADS = 14636 | |
Anerer: GJ 820 - Struve 2758 - LHS 62 V1803 Cygni - LHS 63 |
Den 61 Cygni ass en Duebelstär am Stärebild Cygnus. 61 Cygni ass eelef Liichtjoer vun eiser Sonn ewech a gehéiert domat zu den 20 sonnennächste Fixstären. E ka scho mat enger Spektiv an Eenzelstären opgeléist ginn.
Den Haaptstär huet eng visuell Magnitude vu +5,21 mag a gehéiert zu der Spektralklass K5 V. Seng Bezeechnung a verschiddene Stärekatalogen ass HR 8085 an HD 201091.
De +6,03 mag helle Begleetstär gehéiert zu der Spektralklass K7 V. Seng Bezeechnunge sinn HD 201092 a BD +38° 4344.
Den 61 Cygni war deen éischte Fixstär, deem seng Distanz direkt duerch d'Bestëmmung vu senger Parallax gemooss gouf, an zwar an de Joren 1837 an 1838 vum Astronom Friedrich Wilhelm Bessel um Observatoire Königsberg. De Bessel hat sengerzäit berechent, „daß von diesem Sterne das Licht zu uns erst in 9¼ Jahren gelangt“. (Zitéiert nom Humboldt, Kosmos, S. 43, Eichborn-Edition 2004).
Seng Parallax ass 0,3″, de Bessel hat seng kleng Distanz wéinst der grousser Eegebeweegung vun iwwer 5″ pro Joer schonn ugeholl (kuckt och Schnellleefer).
Positioun vum 61 Cygni-Begleetstär | ||
---|---|---|
Joer | Wénkelofstand | Positiounswénkel |
1990 | 29,7″ | 148 Grad |
2010 | 30,8″ | 152 Grad |