Op den Inhalt sprangen

Atomprogramm vum Iran

Vu Wikipedia
Versioun vum 13:40, 4. Nov. 2024 vum Zinneke (Diskussioun | Kontributiounen).
(Ënnerscheed) ← Méi al Versioun | Aktuell Versioun (Ënnerscheed) | Méi rezent Versioun → (Ënnerscheed)

Mam Atomprogramm vum Iran gouf schonn 1959 ugefaangen. Duerch d'Islamesch Revolutioun an den Éischte Golfkrich goufen d'Aarbechten ënnerbrach. De 4. September 2011 ass zu Buschehr deen éischte Kärreakter fir d'Energieversuergung un d'Netz gaangen – et existéieren donieft awer nach e puer Fuerschungsreakteren. Dem Iran gëtt zanter kuerzer Zäit[Wéini ?] virgeworf, d'Entwécklung vun Atomwaffen unzestriewen, wat allerdéngs vun iranescher Säit zeréckgewise gëtt; et gëtt betount, d'Atomenergie nëmme fir friddlech Zwecker auszenotzen. An de Medie gëtt op d'Ausernanersetzunge wéinst den ongekläerten Ziler, déi den Iran mat sengem Atomprogramm verfollegt, dacks mam Ausdrock Atomsträit mam Iran agaangen.

Obwuel den Iran dat Land ass mat de weltwäit zweetgréisste Reserven u fossillen Energiequellen ass (Äerdueleg an Äerdgas zesummegeholl), gouf schonn an de 60er Joren iwwer hir begrenzt Quantitéit nogeduecht. Den deemolege Schah Mohammad Rezah Pahlavi selwer koum zur Conclusioun, datt Äerdueleg ze kostbar wier, fir e fir d'Energiegewënnung ze verbrennen.

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.