Op den Inhalt sprangen

Enki Catena

Vu Wikipedia
Versioun vum 18:58, 16. Abr. 2024 vum Volvox (Diskussioun | Kontributiounen) (+ Wikilink).
(Ënnerscheed) ← Méi al Versioun | Aktuell Versioun (Ënnerscheed) | Méi rezent Versioun → (Ënnerscheed)
D'Enki Catena, eng Kraterketten um Jupitermound Ganymed; den Norden ass riets ënnen

D'Enki Catena ass eng 160 km laang Kraterketten um gréisste Jupitermound Ganymed. Si besteet aus op d'mannst 13 Aschlagkrateren, déi bal an enger riichter Linn leien. D'Positioun ass 39°Nord, 14°West.

D'Kraterketten ass beim Aschlag vun engem e puer Kilometer grousse Gestengsbatz entstanen, dee kuerz virum Opschlag op der Mounduewerfläch an en ettlech Deeler zerbrach ass. Déi eenzel Krateren hunn Duerchmiesser vun 10 oder méi Kilometer, wat op eng Gréisst vun Eenzeldeeler vun 0,5 bis 1 km hindeit. Ob et an der Fréizäit vum Mound e Koméitekär oder e poröse klengen Asteroid war, ass nach net geklärt.

D'Catena läit tëscht dem Ostdeel vun der kraterräicher Perrine Regio an dem helle, Gruefsystem Sicyon Sulcus, vun deem e puer Splécken um Bild lénks uewen z'erkenne sinn. Den Aschlag huet awer mat der tektonescher Struktur net direkt ze dinn.

Um Ganymed gëtt et nach méi esou änlech linnefërmeg Kraterketten. D'Astrogeologie kennt och op anere planetaren Himmelskierper änlech Strukturen, beispillsweis d'Gipul Catena um Ganymed sengem baussenzegen Nopeschmound Kallisto (och eng riicht Kette mat Impaktkrateren) an um Äerdmound. Do kënne s'allerdéngs och en tektoneschen oder vulkaneschen Urspronk hunn, oder eventuell vun Iwwerreschter vun zesummegebrachene Lavaréier stamen.

Portal Astronomie