Kirk Douglas
Kirk Douglas | |
---|---|
Gebuertsnumm | איסר דניאלאָוויטש, Issur Danielovitch Demsky, Iszur Danyielovics Gyemszkij |
Gebuer |
9. Dezember 1916 Amsterdam |
Gestuerwen |
5. Februar 2020 Beverly Hills |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
American Academy of Dramatic Arts, St. Lawrence University |
Aktivitéit | Filmproduzent, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Auteur, Zaldot, Theaterschauspiller, Schauspiller, Regisseur, Philanthrop, Militär, Schrëftsteller |
Partei | Democratic Party |
Famill | |
Bestuet mat | Diana Dill, Anne Buydens |
Kanner | Michael Douglas, Joel Douglas, Peter Douglas, Eric Douglas |
De Kirk Douglas, gebuer als Issur Danielowitsch Demsky den 9. Dezember 1916 zu Amsterdam (New York), a gestuerwen de 5. Februar 2020 zu Beverley Hills a Kalifornien, war en US-amerikanesche Schauspiller, Filmregisseur, Filmproduzent an Auteur.
Hie war de Papp vum Schauspiller Michael Douglas.
Am Joer 1946 war de Kirk Douglas am Film The Strange Love of Martha Ivers vum Lewis Milestone fir d'éischt am Kino ze gesinn. Groussen Erfolleg hat hien an der Roll vun engem skrupellose Journalist am Film Ace in the Hole (1951), vum Billy Wilder. Eng vun den Haaptrollen nieft dem James Mason a Peter Lorre krut hien 1954 an der spektakulärer Jules Verne-Verfilmung 20,000 Leagues Under the Sea. vum Richard Fleischer. Den Antikrichsfilm Paths of Glory (1957) vum Stanley Kubrick deen am Éischte Weltkrich spillt gouf a Frankräich eréischt am Joer 1975 fir d'éischt gewise well d'Anciens Combattants géint de Film Stuerm gelaf sinn.
Duerno koumen 2 Western vum John Sturges Gunfight at the O.K. Corral (1957) a Last Train from Gun Hill (1958) beim Publikum gutt un. Groussen Erfolleg hat dunn och de geschichtlechen Abenteuerfilm The Vikings (1958) vum Richard Fleischer deen zum Deel an der Bretagne um Fort-La-Latte gedréint gouf.
Säi gréissten Erfolleg hat de Kirk Douglas mat sengem selwer produzéierte Film Spartacus (1960) ënner der Regie vum Stanley Kubrick an deem hien d'Haaptroll nieft dem Laurence Olivier, Jean Simmons, Charles Laughton a Peter Ustinov gespillt huet.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]Kino
[änneren | Quelltext änneren]als Schauspiller
[änneren | Quelltext änneren]vun 1946 bis 1949
[änneren | Quelltext änneren]- 1946: The Strange Love of Martha Ivers, vum Lewis Milestone mam Barbara Stanwyck a Van Heflin
- 1947: Out of the Past, vum Jacques Tourneur mam Robert Mitchum an Jane Greer
- 1947: Mourning Becomes Electra, vum Dudley Nichols mam Rosalind Russell a Michael Redgrave
- 1948: I Walk Alone, vum Byron Haskin mam Burt Lancaster a Lizabeth Scott
- 1948: The Walls of Jericho, vum John M. Stahl mam Cornel Wilde a Linda Darnell
- 1949: My Dear Secretary, vum Charles Martin mam Laraine Day a Keenan Wynn
- 1949: A Letter to Three Wives, vum Joseph L. Mankiewicz mam Jeanne Crain a Linda Darnell
- 1949: Champion, vum Mark Robson mam Arthur Kennedy
vun 1950 bis 1959
[änneren | Quelltext änneren]- 1950: The Glass Menagerie, vum Irving Rapper mam Jane Wyman
- 1950: Young Man with a Horn, vum Michael Curtiz mam Lauren Bacall an Doris Day
- 1951: Along the great divide, vum Raoul Walsh mam Virginia Mayo an John Agar
- 1951: Ace in the Hole, vum Billy Wilder mam Jan Sterling
- 1951: Detective Story, vum William Wyler mam Eleanor Parker a William Bendix
- 1952: The Big Trees, vum Felix E. Feist mam Eve Miller an Edgar Buchanan
- 1952: The Big Sky, vum Howard Hawks mam Dewey Martin
- 1953: The Bad and the Beautiful, vum Vincente Minnelli mam Lana Turner a Walter Pidgeon
- 1953: Story of three Loves, Sketch: Equilibrium, vum Gottfried Reinhardt mam Pier Angeli
- 1953: Un acte d'amour, vum Anatole Litvak mam Dany Robin a Barbara Laage
- 1953: The Juggler, vum Edward Dmytryk mam Milly Vitale
- 1954: 20,000 Leagues Under the Sea, vum Richard Fleischer mam James Mason a Peter Lorre
- 1954: Ulisse, vum Mario Camerini a Mario Bava mam Silvana Mangano an Anthony Quinn
- 1955: The Racers, vum Henry Hathaway mam Bella Darvi a Gilbert Roland
- 1955: Man Without a Star, vum King Vidor mam Jeanne Crain a Claire Trevor
- 1955: The Indian Fighter, vum André De Toth mam Elsa Martinelli a Walter Matthau
- 1956: Lust for Life, vum Vincente Minnelli, mam Anthony Quinn an James Donald
- 1957: Top Secret Affair, vum H.C. Potter mam Susan Hayward
- 1957: Paths of Glory, vum Stanley Kubrick mam Ralph Meeker an Adolphe Menjou
- 1957: Gunfight at the O.K. Corral, vum John Sturges mam Burt Lancaster a Rhonda Fleming
- 1958: The Vikings, vum Richard Fleischer mam Tony Curtis an Janet Leigh
- 1959: Last Train from Gun Hill, vum John Sturges mam Anthony Quinn a Carolyn Jones
- 1959: The Devil's Disciple, vum Guy Hamilton mam Burt Lancaster a Laurence Olivier
vun 1960 bis 1969
[änneren | Quelltext änneren]- 1960: Spartacus , vum Stanley Kubrick mam Laurence Olivier, Jean Simmons, Charles Laughton a Peter Ustinov
- 1960: Strangers When We Meet, vum Richard Quine mam Kim Novak a Walter Matthau
- 1961: The Last Sunset, vum Robert Aldrich mam Rock Hudson an Dorothy Malone
- 1961: Town Without Pity, vum Gottfried Reinhardt mam Barbara Rütting a Christine Kaufmann
- 1962: Two Weeks in Another Town, vum Vincente Minnelli mam Edward G. Robinson a Cyd Charisse
- 1962: Lonely Are the Brave, vum David Miller mam Gena Rowlands a Walter Matthau
- 1962: The Hook, vum George Seaton mam Robert Walker Jr.
- 1963: Seven Days in May, vum John Frankenheimer mam Burt Lancaster an Ava Gardner
- 1963: The List of Adrian Messenger, vum John Huston mam George C. Scott an Dana Wynter
- 1963: For Love or Money, vum Michael Gordon mam Mitzi Gaynor a Gig Young
- 1965: In Harm's Way, vum Otto Preminger mam John Wayne a Patricia Neal
- 1965: The Heroes of Telemark, vum Anthony Mann mam Richard Harris an Ulla Jacobsson
- 1966: Cast a Giant Shadow, vum Melville Shavelson mam Senta Berger an Angie Dickinson
- 1967: Paris brûle-t-il?, vum René Clément mam Alain Delon, Glenn Ford, Simone Signoret, Gert Fröbe, Jean-Paul Belmondo a Leslie Caron
- 1967: The Way West, vum Andrew V. McLaglen mam Robert Mitchum a Richard Widmark
- 1967: The War Wagon, vum Burt Kennedy mam John Wayne an Howard Keel
- 1968: A Lovely Way to Die, vum David Lowell Rich mam Sylva Koscina an Eli Wallach
- 1968: The Brotherhood, vum Martin Ritt mam Alex Cord an Irene Papas
- 1969: The Arrangement, vum Elia Kazan mam Faye Dunaway an Deborah Kerr
vun 1970 bis 1979
[änneren | Quelltext änneren]- 1970: There Was a Crooked Man..., vum Joseph L. Mankiewicz mam Henry Fonda a Warren Oates
- 1971: The Light at the Edge of the World, vum Kevin Billington mam Yul Brynner a Samantha Eggar
- 1971: Gunfight, vum Lamont Johnson mam Johnny Cash a Karen Black
- 1971: Catch Me a Spy, vum Dick Clement mam Marlène Jobert an Trevor Howard
- 1972: Un uomo da rispettare, vum Michele Lupo mam Giuliano Gemma a Wolfgang Preiss
- 1977: Once Is Not Enough, vum Guy Green mam Alexis Smith an David Janssen
- 1977: Holocaust 2000, vum Alberto De Martino mam Anthony Quayle an Agostina Belli
- 1978: The Fury, vum Brian De Palma mam John Cassavetes
- 1979: The Villain, vum Hal Needham mam Ann-Margret an Arnold Schwarzenegger
- 1979: Home Movies, vum Brian De Palma mam Nancy Allen
vun 1980 bis 1989
[änneren | Quelltext änneren]- 1980: The Final Countdown, vum Don Taylor mam Martin Sheen a Katharine Ross
- 1980: Saturn 3, vum Stanley Donen mam Farrah Fawcett an Harvey Keitel
- 1982: The Man from Snowy River, vum George Miller mam Tom Burlinson
- 1983: Eddie Macon's Run, vum Jeff Kanew mam Lee Purcell
- 1986: Tough Guys, vum Jeff Kanew mam Burt Lancaster a Charles Durning
vun 1990 bis 2004
[änneren | Quelltext änneren]- 1991: Oscar, vum John Landis mam Sylvester Stallone an Ornella Muti
- 1991: Veraz, vum Xavier Castano mam Richard Bohringer
- 1994: Greedy, vum Jonathan Lynn mam Michael J. Fox
- 1999: Diamonds, vum John Asher mam Dan Aykroyd a Lauren Bacall
- 2003: It Runs in the Family, vum Fred Schepisi mam Michael Douglas
- 2004: Illusion, vum Michael A. Goorjian
als Regisseur a Schauspiller
[änneren | Quelltext änneren]- 1972: Scalawag, mam Mark Lester an Don Stroud
- 1975: Posse, mam Bruce Dern a Bo Hopkins
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Kirk Douglas: The Broken Mirror. (Roman)
- Kirk Douglas: Young Heroes Of The Bible.
- Kirk Douglas: Dance With The Devil. (Roman)
- Kirk Douglas: Der letzte Tango in Brooklyn. (Roman)
- Kirk Douglas: The Ragmans Son. 1988. (Autobiographie)
- Kirk Douglas: Let's Face It: 90 Years of Living, Loving, and Learning. 2007. (Autobiographie)
- Kirk Douglas: I am Spartacus (2013)
- Roland Lacourbe: Kirk Douglas. Seine Filme - sein Leben. Heyne, München 1985, ISBN 3-453-86088-8.
- Christian Bureau: Kirk Douglas. L'ombre d'un géant
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kirk Douglas – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- US-amerikanesch Filmschauspiller
- US-amerikanesch Filmregisseuren
- US-amerikanesch Theaterschauspiller
- US-amerikanesch Filmproduzenten
- US-amerikanesch Auteuren
- Gebuer 1916
- Gestuerwen 2020
- César d'honneur
- US-amerikanesch Honnertjäreg
- Golden Globe fir de beschte Schauspiller an engem dramatesche Film
- Hollywood Walk of Fame
- Cecil B. DeMille Award
- Persounen, déi d'Presidential Medal of Freedom kruten
- Primetime Emmy-Gewënner