Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Sola war eng Maschinnepistoul, déi zu Ettelbréck vun der Société Luxembourgeoise d'Armes S.A. gebaut gouf.

Sola Super (ouni Chargeur)
Sola
Typ Maschinnepistoul
Nationalitéit Lëtzebuerg
Ära Modern
Geschicht
Produktiounsperiod 1954 bis 1957
Operateuren kuckt am Text
Technesch Detailer
Typ Maschinnepistoul
Kaliber 9×19 mm Parabellum
Längt vum Laf 350 mm
Chargeur 32 Schoss
Action Réckstousslueder, Masseverschloss
Schosskadenz 550 rpm
Mëndungsvitesse 396 m/s
Gewiicht (eidel) 2,86 kg
Längt 610–889 mm
Varianten Sola-Super
Sola-Léger
Am Ganze gebaut n/a

Beschreiwung

änneren

Deen éischte Modell war d'Sola-Super, e Modell, dee staark vun der belscher Vigneron inspiréiert war.

D'Surface vun der Waff war gro sulphatiséiert a mat Ammoniak behandelt. De Grëff war aus Plastik.

Ënner dem Waffekierper war den Numm SOLA an e roude Léiw ageklappt, dee fir verschidde Commanden awer erausgefräst gouf.

Am Ganze bestoung d'Sola-Super aus just 38 Eenzeldeeler an hat e gestanzte Boîtier. Lénks iwwer dem Pistoulegrëff war e Knäppche mat deem een tëscht Eenzel- an Dauerfeier wiele konnt. Besonnesch war de Fait datt een och am Dauerfeiermodus duerch just liicht Drécken Eenzelschëss konnt ofginn an d'Prezisioun vun der Waff, déi wéinst deem fir eng Maschinnepistoul relativ laange Laf iwwer der Moyenne louch.

1957 koum de méi kuerze Modell Sola-Léger eraus, deen awer kee Succès kannt huet.

De Laf ass an Däitschland kaaft ginn. Duerno ass den Drall zu Wecker gehummert ginn. Duerno goufen déi réi Leef op Ettelbréck bruecht, wou se op d'Längt geschnidde goufen.

Fabrécksgebai

änneren

D'Fabréck stoung um Terrain vun der fréierer Ettelbrécker Duchfabréck.

Personal

änneren

An der Produktioun hunn am Duerchschnëtt 19 Leit geschafft.

Produktiounszuelen

änneren

Et goufen der eng Rei an Afrika an och der nach a Südamerika verkaaft, genee Zuele sinn net méi bekannt.

Um Spaweck

änneren