Mneme (Mound)
De Mneme (oder Jupiter XL) ass ee vun de klenge Mounde vum Planéit Jupiter.
Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2003 J 21 |
---|---|
Zentralkierper | Jupiter |
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 21.069.000 km |
Periapsis | 16.286.000 km |
Apoapsis | 25.852.000 km |
Exzentrizitéit | 0,227 |
Ëmlafzäit | 620,0 Deeg |
Ëmlafvitess | 2,44 km/s |
Inklinatioun | 148,6° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | 2 km |
Dicht | 2,6 (?) g/cm3 |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 23,3 |
Entdeckung | |
Entdecker | IFA Hawaii |
Entdeckungsdatum | 6. Februar 2003 |
Entdeckung
ännerenDe Mneme gouf de 6. Februar 2003 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. De Mneme ass no der Muse Mneme genannt.
Bunndaten
ännerenDe Mneme kreest a 620 Deeg an 58 Minutten an op enger mëttlerer Distanz vun 21.069.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2273. Mat enger Schréi vun 148,6° géint de lokale Laplace-Plang ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt de Mneme der Ananke-Grupp, genannt nom Jupitermound Ananke, zougedeelt.
Physikalesch Daten
ännerenDe Mneme huet en Duerchmiesser vu ronn 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. De Mound huet eng ganz donkel Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 23,3mag.
Um Spaweck
änneren- MPEC 2003-K45: S/2003 J 21 29. Mee 2003 (Entdeckung)
- MPEC 2004-B42: S/2003 J 21 24. Januar 2004 (Zeréckentdeckung)