Mel Brooks
De Mel Brooks, gebuer den 28. Juni 1926 am New Yorker Quartier Brooklyn, mam richtegen Numm Melvin Kaminsky, ass en US-amerikanesche Komiker, Schauspiller, Regisseur, Theaterproduzent an Dréibuchauteur.
Mel Brooks | |
---|---|
Gebuertsnumm | Melvin Kaminsky |
Gebuer |
28. Juni 1926 Brooklyn |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Abraham Lincoln High School, Brooklyn College |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Komponist, Synchronspriecher, Schrëftsteller, Theaterproduzent, Militär, Televisiounsproduzent, Liddertexter, Televisiounsschauspiller, Journalist, Librettist, Theaterschauspiller, Regisseur, Dramatiker, Komiker, Kameramann, Lidderschreiwer |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences, WGA West |
Famill | |
Bestuet mat | Anne Bancroft |
Hien ass virun allem bekannt fir seng verfilmt Parodien op Filmer mat groussem kommerzielle Succès oder op Filmgenren.
De Mel Brooks huet als Stand-up-Komiker ugefaangen, gouf da Sketch-Auteur fir de Sid Cesar, an hat vun 1965 un eege lëschteg Emissiounen op der Televisioun.
1968 huet hie säin éischte Film gedréint, fir deen en och d'Dréibuch geschriwwen hat, dat him en Oscar abruecht huet: The Producers, e Kaméidisstéck, an deem Theaterproduzente probéieren, u Sue vun hirer Assurance ze kommen, andeems s'express en onméiglech schlechte Musical iwwer den Hitler opféieren, dat dann awer onerwaart e Risesuccès gëtt. De Film selwer war och e grousse Succès, a gouf 2001 an enger Musicalversioun um New Yorker Broadway opgefouert.
Nom The Twelve Chairs huet hien eng Parodie op Western (Blazing Saddles) an Horrorfilmer (Young Frankenstein) gedréint, dono och op Hitchcock-Filmer (High Anxiety), Science-Fiction- (Spaceballs), Robin-Hood- (Robin Hood: Men in Tights) oder Dracula-Filmer (Dracula: Dead and Loving It). Hien huet och e Remake vum Ernst Lubitsch sengem To Be or Not To Be realiséiert.
Nieft eegene Filmer huet de Mel Brooks och där vun anere Regisseure produzéiert, z. B. dem David Lynch säin Elephant Man.
Hie war vun 1964 bis zu hirem Doud, 2005, mat der Schauspillerin Anne Bancroft bestuet.
Filmographie
ännerenals Regisseur
änneren- 1968: The Producers
- 1970: The Twelve Chairs
- 1974: Blazing Saddles
- 1974: Young Frankenstein
- 1976: Silent Movie
- 1977: High Anxiety
- 1981: History of the World, Part I
- 1987: Spaceballs
- 1991: Life Stinks
- 1993: Robin Hood: Men in Tights
- 1995: Dracula: Dead and Loving It
Literatur
änneren- Peter W. Jansen, Christa Maerker et al: Mel Brooks. In: Peter W. Jansen, Wolfram Schütte (Hrsg.): Woody Allen - Mel Brooks. [Reihe Film Band 21]. Carl Hanser, München und Wien 1980, ISBN 3-446-12854-9
Um Spaweck
ännerenCommons: Mel Brooks – Biller, Videoen oder Audiodateien |