Liewensmëttel
Liewensmëttel sinn d'Ernierungsmëttel, déi d'Mënsche fir d'Iwwerliewe brauchen.
Eng weider erwënscht Funktioun vum Konsum vun de Liewensmëttelen ass de Genoss. Genossmëttel zielen zu de Liewensmëttelen, mee ginn net an éischter Linn wéinst hirem Nierwäert konsuméiert, oder fir sat ze ginn, mee wéinst hirem Goût oder hirer Wierkung op de Konsument.
Liewensmëttel fir Déieren, déi vum Mënsch ugebuede ginn, ginn allgemeng Fudder oder Fuddermëttel genannt.
Nierwäert
ännerenËnner dem Nierwäert versteet een déi Energie déi dem Kierper iwwer d'Iessen oder soss eng Form vun Ernierung zur Verfügung gestallt gëtt.
Kuelenhydrater, Lipiden a Proteinnen
ännerenBestanddeeler vun der Narung, déi Energie liwweren, sinn: d'Kuelenhydrater (17 kj/g) an d'Lipiden (34 kj/g). Déi ginn dohier och Brennstoffer genannt. D'Proteinnen (17 kj/g) liwweren zwar och Energie, ginn awer éischter zu de Baustoffer gezielt. Si hunn Aminosaieren déi fir d'zellulär Proteinsynthees wichteg sinn.
Vitaminnen, Ballaststoffer a Mineralstoffer
ännerenD'Ballaststoffer sinn onverdaulech a ginn erëm ganz ausgescheet. D'Mineralstoffer an d'Vitaminnen si liewesnoutwenneg. Den Organismus ka si net selwer hierstellen a si mussen dofir mat der Narung opgeholl ginn.
Zousazstoffer
ännerenZu den Zousazstoffer kann een d'Aromastoffer, Bannmëttel, Konservéierungsstoffer, d'Geschmachstoffer an Additiver zielen. Et si Liewensmëttelzousazstoffer déi de Geschmaach, d'Ausgesinn an de Verfallsdatum vun de Liewensmëttel beaflossen.
Liewensmëttelgruppen
ännerenProdukter aus der Natur
ännerenEewäiss-Produkter
ännerenKuelenhydrat-Produkter
ännerenFett an Uelegprodukter
ännerenGedrénks
ännerenKuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Liewensmëttel – Biller, Videoen oder Audiodateien |