D'Gare vun Herbesthal war eng Passagéier- a Marchandisëgare zu Herbesthal an der däitschsproocheger Gemeng Lontzen an der Provënz Léck. D'Gare, déi 1843 opgoung, war déi eelst europäesch Grenzgare op der deemoleger Grenz tëscht der Belsch a Preisen. Bis 1880 huet se der Rhäingesellschaft gehéiert a koum du wéinst Verstaatlechung an de Besëtz vun der preisescher Staatsbunn. Nom Éischte Weltkrich koume beim Traité vu Versailles, déi Gebidder déi haut als Cantons de l'Est bekannt sinn, bei d'Belsch. Sou koum Gare dunn an de Besëtz vun der SNCB a gouf dunn eng belsch Grenzgare, wärend op der däitscher Säit d'Haaptgare vun Oochen d'Grenzgare gouf.

Herbesthal
Land Preisen (1843-1871)
Däitscht Räich (1871-1920)
BELBEL Belsch (vun 1920 un)
Uertschaft Herbesthal
Koordinaten 50° 39’ 38.8’’ N
      05° 59’ 10.7’’ O
Charakteristiken
Gleiser 7 (op Quai)
PK 39,5 (Léck-Oochen)
00,0 (Herbesthal-Raeren)

D'Gare vun Herbsthal gouf 1966 zougemaach an hir Funktioune goufe vun der Gare vu Welkenraedt iwwerholl. Well den Diesel- an elektresche Betrib an der Gare vu Welkenraedt ofgewéckelt gouf, blouf Gare vun Herbesthal bis zum Schluss eng reng Dampmaschinnegare, mat engem grousse Lokomotivschapp an zwou Dréischeiwen an den Atelieren a Marchandisenhangare déi ronn sechshonnert Meter ëstlech dervu louchen. D'Dréischeiwen an de Lokomotivdepot sinn am Ufank vun de 70er Jore verschwonnen, d'Voyageursgebai gouf 1983 ewechgerappt, wärend d'Atelieren an déi kleng Formatiounsgare am Joer 2020 dem Buedem gläich gemaach goufen. Dat eenzegt Gebai dat nach do steet ass dat fréiert Postgebai, an deem den éischten europäesche Postzortéierzentrum war.

Tëscht 1938 an 1939 huet d'Gare vun Herbesthal eng grouss Roll fir d'Schicksal vu jiddesche Kanner gespillt, déi iwwer déi Gare an d'Belsch koumen, fir vun do aus weider an England oder an Amerika geschéckt ze ginn. D'Belsch hat nämlech Mëtt November 1938 versprach jiddesch Kanner opzehuelen. Aus den ufanks virgesinnen 200 Kanner goufen et der schliisslech méi wéi Dausend. De leschten Transport koum de 15. Juni 1939 un. Zanter dem 27. Januar 2018 erënnert e Memorial mat enger Skulptur vum belsche Kënschtler Sébastian Schmidt souwéi zwéin Eisebunnswaggonen aus där Zäit un déi Evenementer. Bei der Aweiung war eent vun deene Kanner derbäi an zwar de Journalist a Cineast Henri Roanne Rosenblatt, deen deen Dag och d'Schicksal vun deene Kanner retracéiert huet.