Dia (Mound)
De Mound Dia (oder Jupiter LIII) ass ee vun de klenge Mounde vum Planéit Jupiter.
Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2000 J 11 |
---|---|
Zentralkierper | Jupiter |
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 12 174 000 km |
Periapsis | 9 605 000 km |
Apoapsis | 14 743 000 km |
Exzentrizitéit | 0,211 |
Ëmlafzäit | 274,40 Deeg |
Ëmlafvitess | ? km/s |
Inklinatioun | 28,237° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | ≈ 4 km |
Dicht | 2,6 g/cm3 |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 22,4 |
Entdeckung | |
Entdecker |
Scott S. Sheppard, |
Entdeckungsdatum | 5. Dezember 2000 |
Entdeckung
ännerenDen Dia gouf de 5. Dezember 2000 vun den Astronome Scott S. Sheppard, David C. Jewitt, Yanga R. Fernández an Eugene A. Magnier entdeckt a krut déi virleefeg Bezeechnung S/2000 J 11. Den Objet konnt duerno allerdéngs laang Zäit net nees fonnt ginn[1] an huet doropshin als verluer gegollt. Eréischt am September 2012 gouf d'Zeréckentdeckung vum S/2000 J 11 bekanntgemaach.[2] De 7. Mäerz 2015 krut de Jupitermound säin offiziellen Numm Dia vun der I.A.U..[3] Den Numm Dia kënnt aus der mykenescher Mythologie an ass e weiblecht Géigestéck vum Zeus an an der griichescher Mythologie d'Fra vum Ixion.
Bunndaten
ännerenDen Dia kreest an 274 Deeg an 10 Stonnen op enger mëttlerer Distanz vun 12.174.000 km ëm de Jupiter. D'Ëmlafbunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,21 a steet 28,3° schréi géint de lokale Laplace-Plang, deen ongeféier mam Bunnplang vum Jupiter zesummefält.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Dia zu der Himalia-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Himalia.
Physikalesch Daten
ännerenDen Dia huet en Duerchmiesser vun zirka 4 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. E besteet warscheinlech aus Silikatgestengs an huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 22,4m.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- MPEC 2001-A29: S/2000 J 7, S/2000 J 8, S/2000 J 9, S/2000 J 10, S/2000 J 11 5. Januar 2001 (Entdeckung)
- MPEC 2012-R22: S/2000 J 11 11. September 2012 (Zeréckentdeckung)
Referenzen
änneren- ↑ Grav et al. "Photometric survey of the irregular satellites", Icarus, Volume 166, Issue 1
- ↑ MPEC 2012-R22: S/2000 J 11
- ↑ USGS: New Name Approved for Jovian Satellite (Benennung)