Brandenburger Tor
Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Brandenburger Tor ass d'Symbol vu Berlin.
D'Brandenburger Tor steet um Pariser Platz um Enn vun der bekannter Strooss Unter den Linden.
Geschicht
änneren1734 gouf eng Douanesmauer zu Berlin, als Grenz zur Stad Richtung Brandenburg gebaut. Den Ausbau vun der Mauer a senge Paarten huet de preisesche Kinnek Friedrich Wilhelm II. an de Jore 1788 bis 1791 vum Carl Gotthard Langhans am fréiklassizistesche Stil maache gelooss. Am Joer 1793 gouf d'Quadriga mat der Friddensgëttin Eirene am Sträitwon op d'Brandenburger Tor gesat. D'Quadriga staamt vum Johann Gottfried Shadow.
Architektur
ännerenD'Brandenburger Tor ass 26 m héich, 65,5 m breet an 11 m déif. Et ass e Sandsteebau mat fënnef Duerchfaarten, dovun eng méi breet an der Mëtt.
Literatur
änneren- Werner, Heike Architektur und Geschichte in Deutschland, Heike Werner Verlag, München (Däitschland), ISBN 3-9809471-1-4, 2006; Ss. 94-95.
Um Spaweck
ännerenCommons: Brandenburger Tor – Biller, Videoen oder Audiodateien |