Pol Greisch
lëtzebuergesche Schauspiller an Auteur
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Pol Greisch, gebuer den 8. Abrëll 1930 zu Walfer, ass e lëtzebuergesche Schauspiller an Auteur.
Pol Greisch | |
---|---|
Gebuer |
8. Abrëll 1930 Walfer |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Schrëftsteller, Dramatiker, Filmschauspiller, Dichter, Dréibuchauteur |
Member vun | A:LL Schrëftsteller*innen, Lëtzebuerger Schrëftstellerverband |
Famill | |
Bestuet mat | Juliette François |
Kanner | Cary Greisch |
Zanter 1953 huet de Pol Greisch, dacks zesumme mat senger Fra, der Juliette François, déi 2007 gestuerwen ass, a franséisch-, däitsch- oder lëtzebuergeschsproochegen Theaterstécker gespillt. Nieft de Stécker schreift hie Prosa a Gedichter. Hie gouf fir seng Wierker ë. a. zweemol hannereneen mam Präis vum Nationale Literaturconcours (1979, 1980), zweemol mam Servais-Präis (1993, 2013) a mam Batty-Weber-Präis (2002) ausgezeechent.
De Pol Greisch ass Member vum Institut grand-ducal a war Vizepresident vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband.
De Pol Greisch ass de Papp vum Gittarist Cary Greisch.
Wierker
ännerenTheaterstécker
änneren- Äddi Charel (1966)
- Besuch (1969)
- Ënnerwee (1978)
- Grouss Vakanz (1980)
- Viru mam Jabel (1981), opgeféiert 1978 am Neien Theater
- Margréitchen (1986)
- E Bucki (1983), Eenakter
- De laangen Tour (1988)
- E Stéck Streisel (1992)
- Kellerzerwiss (1992)
- E Platten (1995)
- Léiwe Kleeschen (1997)
- Aarme Louder (1998)
- Eng Heemelmaus (1999)
- Wanter (2000)
- Kiischtebléien (2002. Uropféierung: 27. 2. 2003)
- Fënsterdall, Première am TNL de 14. November 2008
Autobiographesches
änneren- Fir meng Mamm. Aus engem laange Bréif, 2000
Prosa
änneren- Mäi Frënd Benn, Roman, 2004
- D'Sonnesäit
- De Monni aus Amerika. Geschichten. Ultimomondo, 2012, ISBN 978-2-919933-82-2
Aneres
änneren- … an och de Batty-Weber Präis: Kleng Usprooch, 2002, Am: Galerie. - n 3 (2002), S. 351-356
- Lies de bal, zesumme mat Cathy Clement, Lucien Blau, Josy Braun, Tullio Forgiarini, Henri Losch, Jhemp Hoscheit, Nico Graf, Roger Manderscheid, Editions Saint-Paul , Editions Guy Binsfeld, 2014
De Schauspiller
ännerenFilmer
änneren- Déi zwéi vum Bierg (1985) vum Menn Bodson, Gast Rollinger a Marc Olinger
- Mumm Sweet Mumm (1989) vun AFO-Film
- Schacko Klak (1990) vum Paul Kieffer a Frank Hoffmann
- E Liewe laang (1992)
- Emil (2010) vum Marc Thoma
- Rusty Boys (2017) vum Andy Bausch
- Lupus (2020, Kuerzfim) vum Laurent Prim
Auszeechnungen
änneren- Servais-Präis 1993 fir Äddi Charel - Besuch - E Stéck Streisel
- Batty-Weber-Präis 2002 fir säi Liewenswierk.
- Servais-Präis 2013 fir De Monni aus Amerika
Um Spaweck
änneren- Fiche am autorenlexikon.lu