Als Uelegschifer bezeechent ee Sedimentgestengs, dat organescht Material ënner Form vu Bitumen oder Ueleg, deen net liicht verflitt, enthält. De Prozentsaz vum organesche Material, dat de “Kerogen” bilt, läit jee no de Plazen, wou den Uelegschifer virkënnt, tëscht 10 an 30 Prozent. Den Ueleg kann duerch Distillatioun aus dem Steen isoléiert ginn.
Den Alphonse de Prémorel (1799-1888) huet sech ëm d'Mëtt vum 19. Joerhonnert fir de Gebrauch vum Uelegschifer als Brennes an als Dünger agesat. Och den Apdikter Fréd. Fischer junior (1810-1871), deen an der Stad Lëtzebuerg d'Schwanen-Apdikt hat, huet fir eng Verwäertung vum Uelegschifer plädéiert. De Cheemiker Gustave Faber huet sech Joerzéngte laang mat dem Uelegschifer beschäftegt, deelweis an Zesummenaarbecht mam Geolog Michel Lucius. Zu enger Exploitatioun vum Uelegschifer sollt et awer deemools net kommen, well si net rentabel hätt kënne sinn... > méi
... et Legenden, awer keng schlësseg Erklärunge gëtt, wéi a firwat d'Pierre Brunehaut, e Monolith an der belscher Provënz Hainaut, op déi Plaz koum, wou en haut steet?
… den Iechternacher Séi e kënschtleche Séi ass, deen Enn der 1970er Joren ugeluecht gouf, fir d'touristesch Offer ze diversifiéieren, an dofir d'Lëschenhaus, e Barockgebai vu 1676, ofgerappt gouf, well et soll gehënnert hunn?