Op den Inhalt sprangen

Domaines Vinsmoselle

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Vinsmoselle)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Domaines Vinsmoselle
De Sëtz vun « Domaines Vinsmoselle » vun der Musel aus gesinn. Lénks de Restaurant « An der Tourelle ».
Typ Société coopérative
Grënnungsdatum 16. Abrëll 1966
Sëtz Schlass Stadbriedemes
President Josy Gloden
Direkter André Mehlen
  ()
  ()
Branche Wäibau
Produit Wäin, Cremant
RCS B7274
Homepage https://www.vinsmoselle.lu

D'Wënzergenossenschaft Domaines Vinsmoselle, am allgemenge Sproochgebrauch just Vinsmoselle genannt, ass de 16. Abrëll 1966 gegrënnt ginn. Si ass aus dem Zesummeschloss vun de Caves coopératives vu Gréiwemaacher, Wuermer, Greiweldeng, Stadbriedemes, Welleschten a Rëmerschen entstanen. D'Genossenschaft huet hire Sëtz am Schlass Stadbriedemes.

D'Membere bewirtschafte mat ongeféier 800 ha dee gréissten Undeel Wéngerte vun der Musel.

D'Genossenschaft gouf ursprénglech ënnert dem Numm Vinsmoselle gegrënnt, woubäi den Zousaz Organisation des vins de la Moselle Lux. derbäigesat konnt ginn[1]. Se gouf … an Les Domaines de Vinsmoselle ëmgedeeft, fir 2012 den aktuellen Numm Domaines Vinsmoselle ze kréien[2].

Direktere vun der Vinsmoselle
vu(n) bis Direktioun
1987 Will Wiltzius
1987[3] 2011 Constant Infalt
2011 2015 Georges Schaaf
2015 2022 Patrick Berg
2023 aktuell André Mehlen

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (de)Statuts coordonnés. lbr.lu. Gekuckt de(n) 08.08.2024.
  2. (fr)Modification dénomination. lbr.lu. Gekuckt de(n) 08.08.2024.
  3. d'Letzeburger Land, Constant Infalt (06.02.1987). Gekuckt de(n) 28.12.2021.