Nancy Arendt
Nancy Arendt | |
---|---|
Gebuer |
22. Mee 1969 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | University of Miami |
Aktivitéit | Politiker, Schwëmmer, Triathleet |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 2000, Olympesch Summerspiller 1988 |
Partei | CSV |
D'Nancy Arendt, gebuer den 22. Mee 1969 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Politikerin (CSV) an eng fréier Schwëmmerin, Liichtathleetin an Triathleetin.
Vun 2008 bis 2014 war si Presidentin vun der Fédération luxembourgeoise de natation et de sauvetage.
Sportlech Karriär
[änneren | Quelltext änneren]D'Nancy Arendt huet zweemol bei Olympesche Spiller matgemaach:
- 1988 bei den Olympesche Summerspiller vu Seoul am Schwammen an den Disziplinnen
- 100 Meter Brasse an der Zäit vun 1:14.99 (29. vun 42)
- 200 Meter Brasse an der Zäit vun 2:40.78 (31. vun 43)
- 2000 bei den Olympesche Summerspiller vu Sydney am Triathlon (10. Plaz an enger Zäit vun 2:03:14.94).
Virun deem gudde Resultat zu Sydney war si de 6. August 2000 beim Triathlon vum ITU World-Cup zu Tiszaujvaros an Ungarn op déi 7. Plaz komm.
1996 huet si d'Europäesch Coupe am Triathlon gewonnen.
Titelen
[änneren | Quelltext änneren]- Lëtzebuergesch Sportlerin vum Joer:
- 1987 an 1989 (Schwammen)
- 1995, 1996, 1997 an 2000 (Triathlon)
Politesch Karriär
[änneren | Quelltext änneren]D'Nancy Arendt war, als Member vun der CSV-Fraktioun, vum 23. Januar 1996 bis den 8. Juni 1999, an duerno vum 3. Juni 2003 bis de 5. Juni 2004, Deputéiert vum Bezierk Süden an der Chamber. Si ass dat och erëm zanter dem 3. August 2004.
Bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009, deene vum 20. Oktober 2013, deene vum 14. Oktober 2018[1] an deen vum 8. Oktober 2023[2] gouf si allkéiers erëmgewielt.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Commandeur vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2014)[3].
- Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 2010)[4]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Virdrun | Sportlerin vum Joer | Duerno |
---|---|---|
Danièle Kaber Danièle Kaber Raymonde Moes Anne Kremer |
1987 1989 1995 - 1996 - 1997 2000 |
Danièle Kaber Marion Hammang Anne Kremer Ni Xia Lian |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (fr) Resultater vum Nancy Kemp-Arendt op den Olympesche Spiller
- (en) Portrait op der Websäit vun der ITU
- (fr) Fiche op der Websäit vun der Chamber
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ elections.lu.
- ↑ (fr)Résultats détaillés - Sud. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 10.10.2023.
- ↑ « Compte-rendu des séances publiques n°7 - Séance extraordinaire 2013-2014 », op https://www.chd.lu/
- ↑ La chambre des députés du grand-duché de Luxembourg - Compte rendu des séances publiques N°15 • Session ordinaire 2009-2010 S. 1 kuckt op http://www.chd.lu/wps/portal/public/CompteRenduDesSeances