Gemeng Biissen
Gemeng Biissen | |
---|---|
d'Märei vu Biissen (2013) | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Bissen de: Bissen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Miersch |
Chef-lieu | Biissen |
Buergermeeschter | David Viaggi |
Awunner | 3.492 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 2.075 ha |
Héicht | 234 m |
Koordinaten |
49° 47’ 21’’ N 06° 03’ 49’’ O |
LAU-Code | LU0402 |
Websäit | http://www.bissen.lu |
D'Gemeng Biissen ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Miersch. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Biissen vun där se och hiren Numm huet.
Uertschaften an der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Biissen besteet aus den Uertschafte Biissen a Rouscht.
Zu der Gemeng gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Biissen läit am Atertdall tëscht de Gemenge Colmer-Bierg, Béiwen, Miersch a Viichten. Se huet eng Fläch vun 2.075 ha, dovu si 550 ha Bësch.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Am Joer 960 ass d'Existenz vu Biissen ënner dem Numm « Bisiceromarkun »[1] attestéiert ginn duerch en Dokument an deem d'Par Biissen als baussent der Par vu Miersch bezeechent gëtt. Dofir huet d'Par 1960 hir dausendjäreg Existenz gefeiert.
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]Beschreiwung am Originaltext: Burelé d'argent et sable de dix pièces. |
Entwécklung vun der Awunnerzuel
[änneren | Quelltext änneren]Quell:STATEC
Politik
[änneren | Quelltext änneren]Bei de Gemengewale gouf, bis 2011 nach mat, nom Majorzsystem gewielt. Zanter 2017 gëllt de Proporzsystem.[2]
Buergermeeschteren
[änneren | Quelltext änneren]- 1800 - 1815: Jean-Nicolas Knepper;
- 1815 - 1830: Nicolas Billig;
- 1830 - 1836: Antoine Pastoret;
- 1836 - 1843: Jean-Nicolas Brosius;
- 1844 - 1848: Jean-Nicolas Faber;[3]
- 1848 - 1858: Nicolas Engel;
- 1859 - 1861: Pierre Souvignier;
- 1861 - 1866: Nicolas Engel;
- 1867 - 1869: Jean-Pierre Knepper;
- 1870 - 1881: Georges Glaesener;
- 1882 - 1908: Jean Souvignier;
- 1908 - 1910: Emile Souvignier;
- 1910 - 1940: Nicolas Sinner;
- 1940 - 1957: Jean Engel;
- 1958 - 1963: Charles Stoffel;
- 1964 - 1981: Joseph Wietor, Privatbeamten;
- 1982 - 1984: Guillaume Feith, Proprietär;
- 1985 - 1987: Mathias Schmitz, Gewerkschaftler;
- 1988 - 1999: Ernest Wendel, Privatbeamten;
- 1999 - 2000: Roger Schmit, Staatsemployé;
- 2000 - 2001: Arlette Weber ép. Schmit, Staatsbeamtin;
- 2001 - 2005: Camille Petry, Entreprener;
- 2005 - 2011: Aloyse Bauer, Elektrikermeeschter;
- 2011 - 2019: Jos Schummer, Privatbeamten;
- zanter 2019: David Viaggi, Verwaltungschef
Gemengerot
[änneren | Quelltext änneren]D'Zesummesetzung vum Gemengerot no Lëschten zanter datt 2017 de Proporzsystem adoptéiert gouf:
Joer | Är Leit | CSV |
---|---|---|
2017 | 5 | 6 |
2023 | 8 | 3 |
Quell: elections.lu
Den aktuelle Gemengerot setzt besteet aus deene follgende Leit (Stand Oktober 2024)[4]:
- David Viaggi, Buergermeeschter
- Roger Saurfeld, 1. Schäffen
- Cindy Barros Dinis, 2. Schäffin
- Loïc Brune, Gemengerot
- Kevin Englebert, Gemengerot
- Georges Lucius, Gemengerot
- Joseph Koecher, Gemengerot
- Béatrice Horsmans-Kabers, Gemengerot
- Carlo Mulbach, Gemengerot
- Christian Hoscheid, Gemengerot
- Joëlle Kraus-Fagny, Gemengerot
Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Biissen ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Bekannt Leit aus der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]- Fränz Dasbourg, Moler
- Carlo Hommel, Doumorganist
- Charles-Frédéric Mersch, Staatsrot
- Aloyse Raths, Resistenzler
- Michel Stoffel, Moler
- Raphaël Stacchiotti, Schwëmmer
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Um Wobierg: d'Rochuskapell, d'Kräizstatioun an déi zwéi bemierkenswäert Beem virun der Kapell
- Uergel an der Parkierch vu Biissen, gebaut 1891 vun de Bridder Müller vu Reifferscheid, zanter Dezember 2001 op der Lëscht vun de Monuments classés
- Beckius-Fresken am Chouer vun der Parkierch vu Biissen, zanter September 1987 op der Lëscht vun de Monuments classés
- d'Biisser Millen
- d'Graf vum Monseigneur Jacques Mangers um Biisser Kierfecht
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Victor Kalmes (ënner der Mataarbecht vum Jos Schummer an dem Arnold Weber), 2001. Bissen seit eh und je. Band 1 (525 S.) an 2 (? S.). Erausgi vun der Gemengeverwaltung Biissen. Sankt-Paulus Dréckerei, Lëtzebuerg.
- Carlo Mulbach: "Gemeinde Bissen: Traditioneller Industriestandort im Wandel der Zeit." in: nos cahiers, Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur 3/4 2011, S.45-58.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Kierch Biissen
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Biissen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Biissen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ An net « Basiccromannum », eng feelerhaft Transkriptioun duerch de Louis L'Évêque de la Basse-Moûturie, déi leider reegelméisseg ze fannen ass. De Feeler gouf 1929 vum Jules Vannérus publizéiert: Le Chevalier l'Evêque de la Basse-Mouturie et son itinéraire du Luxembourg Germanique. 15 p. Cahiers luxembourgeois. Bourg-Bourger, Luxembourg.
- ↑ "Vu Majorz- op Proporzsystem: Biissen." rtl.lu, 06.10.2017, 07:32:38.
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
- ↑ Conseil communal. Opgeruff den 06.10.2024.