Pulitzer-Präis
De Pulitzer-Präis ass e prestigiéisen amerikanesche Journalisten- a Mediepräis. Fir d'Journalisten ass e sou begiert wéi den Oscar an der Filmindustrie. De Pulitzer-Präis fir Romaner an dee fir Saachbicher gehéieren zu de wichtegsten US-amerikanesche Literaturpräisser. Et gëtt ausserdeem Auszeechnunge fir Reportagen, Fotoen, Karikaturen, Theaterstécker a Museksenregistrementer.
De Präis gouf vum Journalist an Zeitungsediteur Joseph Pulitzer gestëft a gëtt zanter 1917 all Joer verginn. De Gewënner vun all Kategorie kritt, nieft der Distinctioun selwer, e Scheck vu ronn 10.000 US-Dollar.
Kategorien
[änneren | Quelltext änneren]Aktuell Kategorien
[änneren | Quelltext änneren]Déi wichegst Präiskategorie ass déi fir den Déngscht un der Ëffentlechkeet, fir déi et zanter 1918 zousätlech eng Goldmedail gëtt.
Aktuell Kategorië vum Pulitzer-Präis sinn:
Journalismus
- Déngscht un der Ëffentlechkeet
- Aktualitéitseportage
- Investigative Journalismus
- Hannergrondreportage
- Lokalreportage
- Inlandsreportage
- Auslandsreportage
- Fachjournalismus
- Commentaire
- Kritik
- Leitartikel
- Karikatur
- Aktuelle Fotoreportage
- Feature-Fotoreportage
Literatur, Theater a Musek
- Belletristik
- Theater
- Geschicht
- Biographie oder Autobiographie
- Dichtung
- Saachbuch
- Musek
Spezialpräis
- Spezialpräis
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Heinz-Dietrich Fischer (Hrsg.): The Pulitzer prize archive. A history and anthology of award winning materials in journalism, letters, and arts. Saur, München 1987ff., ISBN 3-598-30170-7.
- Hal Buell: Zeitbilder. 45 Jahre Pulitzer-Preis Fotografie. Könemann, Köln 2000, ISBN 3-8290-3596-9.
- Katja Behling: Trophäe der Publizisten. Der Mann hinter der Auszeichnung. In: Aufbau, Heft 11, 2008, S. 15–17.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Pulitzer-Präis – Biller, Videoen oder Audiodateien |