Op den Inhalt sprangen

Felipe V. vu Spuenien

Vu Wikipedia
Felipe V. vu Spuenien
Titelen
Herzog von Anjou
Zäit 1683 bis 1700
Kinnek vu Spuenien
Zäit 1700 bis 1746
Kinnek vu Sardinien
Zäit 1700 bis 1713
Zäit 1700 bis 1713
Biographie
Gebuer 19. Dezember 1683
Versailles
Gestuerwen 9. Juli 1746
Madrid
Papp Louis vu Frankräich
Mamm Maria Anna Victoria vu Bayern
Geschwëster Louis, Herzog vun der Bourgogne, Charel vu Bourbon, Herzog vu Berry
Kanner Luis I. vu Spuenien
De Monogramm

De Felipe V. vu Spuenien, och Philippe V. vun Anjou, genannt den Daperen, gebuer den 19. Dezember 1683 zu Versailles, a gestuerwen den 9. Juli 1746 zu Madrid, war vu 1683 bis 1700 Herzog vun Anjou, vu 1700 bis 1746 Kinnek vu Spuenien a bis 1713 och Kinnek vu Sardinien a Kinnek vu Sizilien an Neapel. 1724 huet hie fir säi Jong Luis I. kuerzfristeg säin Amt néiergeluecht. Hie war deen éischte spueneschen Herrscher aus dem Haus Bourbon.

De Felipe war den zweete Jong vum Dauphin Louis vu Frankräich a senger Fra Maria Anna vu Bayern

1700 ass de Carlos II. ouni Kanner gestuerwen. De Louis XIV. vu Frankräich huet doropshin säin Enkel Philippe als Ierwe vun de spueneschen Habsburger an domat zum Kinnek vu Spuenien proklaméiert. Déi éisträichesch Habsburger – an och soss europäesch Länner wéi Holland oder Groussbritannien – hunn dat awer net esou gesinn, wouduerch et zum Spueneschen Ierffollegkrich (vu 1701 bis 1713/14) koum. Déi aner Länner wollte verhënneren, datt Frankräich ze staark géif. Groussbritannien krut duerchgesat, datt Spuenien tëscht de Bourbonen an den Habsburger gedeelt sollt ginn.

Sou gouf et zäitweileg 2 Kinneken a Spuenien: De Felipe V. op där enger Säit, an, ënnert dem Numm Carlos III., den habsburgesche Pretendant, den Äerzherzog Karl (dee méi spéit als Karl VI. réimesch-däitsche Keeser sollt ginn), deen iwwer Aragon a Katalounien, souwéi iwwer de spuenesche Besëtz an Italie regéiert huet. Wéi de Karl nom Doud vu sengem Brudder Joseph I. 1711 däitsche Keeser an domat Herrscher iwwer all habsburgesch Staate sollt ginn, ass déi anti-bourbonesch Koalitioun auserneegefall, well de Britten an Hollänner elo d'Habsburger op eemol ze dominant gi sinn. Si hunn ewell de Felipe als spuenesche Kinnek akzeptéiert.

Beim Fridde vun Utrecht 1713/14 koum et zu engem weider Kompromëss: De Felipe duerft ganz Spuenien an deem säi risege Kolonialbesëtz halen, huet awer misse säi Besëtz an Italien (Neapel, Sizilien, Sardinien, Mailand) an an den Nidderlanden oftrieden. Sou gouf aus de Spueneschen déi Éisträichesch Nidderlanden (zu deenen och d'Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert huet). Gibraltar goung u Groussbritannien.

An de Joren dono huet Spuenien ënner dem Felipe probéiert an Italien nees Fouss ze faassen, wouraus awer ufanks näischt ginn ass.

Well hien ënner staarken Depressioune gelidden huet, huet e zu Gonschte vu sengem eelste Jong Luis I. vu Spuenien ofgedankt. Deen ass awer nach am selwechte Joer gestuerwen, a well seng aner Jongen nach ze jonk waren, huet de Felipe nees d'Kroun iwwerholl (net zulescht op Drock vu senger Fra Elisabeth hin).

1725 konnt hie sech mat den éisträicheschen Habsburger arrangéieren, Parma, wann do keen direkte männlechen Nofollger wier, un d'Spuenier fale géif. Dat geschouch 1731 an dem Felipe säi Jong Carlos gouf mat 15 Joer Herzog vu Parma.

Als Belounung fir d'Bedeelegung am Polneschen Ierffollegkrich, huet dem Felipe säi Jong Carlos 1735 och d'Kroun Neapel-Sizilien kritt.

1727 koum et zum Englesch-spuenesche Krich, wou et ë. a. ëm Gibraltar goung, a 1739 sinn déi zwéin iwwer Karibikinselen uneneegeroden, woubäi Portobelo brittesch gouf.

De Felipe V. (2. vu lénks) mat senger Famill

Den 2. November 1701 huet hien d'Maria Luisa Gabriella vun der Savoie bestuet, d'Duechter vum Herzog vun der Savoie a spéiderhi Kinnek vu Sardinien-Piemont. Si hate 4 Jongen:

  • Luis I. (1707 – 1724) Kinnek vu Spuenien
  • Felipe Luis (* /† 1709)
  • Felipe Pedro (1712 – 1719)
  • Fernando VI. (1713 – 1759) Kinnek vu Spuenien

De 24. Dezember 1714 huet hie sech fir d'zweet bestuet, mat der Elisabetta Farnese (spuenesch: Isabel de Farnesio), mat där e 7 Kanner hat:

Literatur a Quellen

[änneren | Quelltext änneren]
  • Kamen, Henry: Philip V of Spain – The King Who Reigned Twice. Yale University Press, New Haven, Conn. 2001. ISBN 0-300-08718-7
  • Agustin Gonzalez Enciso: Philip V – Economic and Social Reform in Spain. Lambert Academic Publishers (LAP), Saarbrücken, 2012. ISBN 978-3-8484-9470-5
  • Biografie
Commons: Felipe V. vu Spuenien – Biller, Videoen oder Audiodateien