Departement Gironde
Gironde (33) | |
---|---|
Regioun | Nei-Aquitaine |
Prefecture | Bordeaux |
Ënnerprefecture | Arcachon Blaye Langon Lesparre-Médoc Libourne |
Bevëlkerung | 1.623.749 Aw.(2019) |
Fläch | 9.975,6 km² |
Arrondissementer | 6 |
Kantonen | 68 |
Gemengen | 535 |
D'Gironde ass e franséischt Departement an der Regioun Nei-Aquitaine. Et läit am Südweste vum Land op der Atlantikküst a grenzt am Süden un d'Departement Landes, am Südosten un d'Lot-et-Garonne, am Osten un d'Dordogne an am Norden un d'Charente-Maritime. Mat enger Fläch vu bal 10.000 km² ass d'Gironde véiermol sou grouss wéi Lëtzebuerg an dat gréisst Departement a Kontinentalfrankräich. Nëmmen d'Guyane, e franséischen Territoire a Südamerika, ass méi grouss.
Den Numm vum Departement kënnt vun der Gironde, dem Estuaire dee vun de Flëss Garonne an der Dordogne no hirem Zesummefloss gebilt gëtt.
D'Prefektur vum Departement ass Bordeaux. Déi renomméiert Wäigéigend ëm Bordeaux läit also an der Gironde. D'Gironde ass och bekannt fir d'Plagë vun der Côte d'argent, déi all Joer vill Visiteuren a besonnesch Surfer unzéien. D'Dune du Pilat am Bassin d'Arcachon ass déi gréisst Sanddün an Europa.
D'Gironde ass ee vun den originalen 83 Departementer, déi 1790 wärend der franséischer Revolutioun gegrënnt goufen. Et ass aus de fréiere Provënze Guyenne a Gascogne ervirgaangen. Tëscht 1793 a 1795 hat d'Departement den Numm "département du Bec-d'Ambès", fir d'Verwiesslung mat der Beweegung vun de Girondins ze vermeiden.
Biller vun der Gironde
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Küst zu Lacanau
-
D'Alstad vu Bourg-sur-Gironde
-
D'Alstad vu Saint-Émilion
-
D'Dune du Pilat
-
D'Schlass vu La Brède
-
D'Place de la Bourse zu Bordeaux
-
De Liichttuerm Le Verdon
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Arrondissementer am Departement Gironde
- Kantonen am Departement Gironde
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Gironde
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gironde – Biller, Videoen oder Audiodateien |