Gemeng Dippech
Gemeng Dippech | |
---|---|
d'Gemengenhaus zu Schuller | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Dippach de: Dippach |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Capellen |
Chef-lieu | Schuller |
Buergermeeschter | Manon Bei-Roller (LSAP) |
Awunner | 4.593 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 1.742 ha |
Héicht | 368 m |
Koordinaten |
49° 35’ 16’’ N 05° 58’ 47’’ O |
LAU-Code | LU0101 |
Websäit | https://www.dippach.lu/ |
D'Gemeng Dippech ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Capellen. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Schuller.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Dippech läit am Kanton Capellen tëscht de Gemenge Garnech a Mamer am Norden, Bartreng am Osten, Reckeng op der Mess a Suessem am Süden, a Käerjeng am Westen.
Eng Partie vun der Gemeng läit op engem grousse Plateau, deen deelweis d'Waasserscheed tëscht dem Rhäin- an dem Meusebaseng mécht, mat dem héchste Punkt an den Ierwenhecken am Nordweste vun der Gemeng op 378 Meter.
Vun der Gemengefläch sinn 303 ha Bëscher, an 28 ha Akerland oder Wise sinn am Besëtz vun der Gemeng.
Uertschaften an der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]Zu der Gemeng gehéiert och den Uertsdeel Dippecher Gare.
-
Vue aus dem Fliger op Dippech...
-
... an op Betteng op der Mess (lénks) an op d'Dippecher Gare (riets)
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Dierfer Dippech, Betteng, Schuller a Sprénkeng goufen am Mëttelalter fir d'éischt ernimmt.[1]
1795 goufen d'Éisträichesch Nidderlanden, zu deenen deemools och Lëtzebuerg gehéiert huet, vu franséische Revolutiounstruppen eruewert. Lëtzebuerg an déi aner Territoirë goufe vun der neier franséischer Republik annexéiert, an déi véier Dierfer sinn an der Gemeng Dippech regruppéiert ginn.[1]
Wärend dem Zweete Weltkrich ass d'Gemeng net zerstéiert ginn. Den 9. September 1944 hunn amerikanesch Truppen d'Gemeng vum däitsche Besatzer befreit, een Dag virun der Stad Lëtzebuerg.[1]
Dippech ass zanter 1973 mat Landiras aus dem franséischen Departement Gironde jumeléiert.
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]Beschreiwung am Originaltext: De gueules au griffon d'or, à la bordure de sable chargée de huit socs de charrue d'or. |
Bevëlkerung
[änneren | Quelltext änneren]Quell:STATEC
Am Joer 11 vum Republikanesche Kalenner (1802-1803) hat d'Gemeng 705 Awunner, dorënner 169 zu Betteng (24% vun der Gemengebevëlkerung), 262 zu Dippech (37%), 86 zu Sprénkeng (12%) an 188 zu Schuller (27%).[1]
2015 hu 4.122 Leit an der Gemeng gewunnt, dorënner 1.172 zu Betteng (28%), 993 zu Dippech (24%), 528 zu Sprénkeng (13%) an 1.429 zu Schuller (35%).
Politik
[änneren | Quelltext änneren]De Gemengerot vun Dippech gëtt zanter 2005 nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.
Zesummesetzung
[änneren | Quelltext änneren]Joer | CSV | DP | LSAP | LB |
---|---|---|---|---|
2005 | 5 | 2 | 4 | - |
2011 | 4 | 2 | 5 | - |
2017 | 2 | 2 | 5 | 2 |
2023 | 2 | 3 | 4 | 2 |
LB: D'Lëscht vun de Bierger. Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
Buergermeeschteren
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
- 1844: Nicolas Schumacher[2]
- ...
- 1897-1944: Edouard Kirsch
- 1945: Jean Urbany[3]
- ...
- 1976-1987: Norbert Sassel
- ...
- 19..- 2005: Claude Bosseler (CSV)
- 2005-2009: Ady Hahn (LSAP)
- 2009-2011: Claude Bosseler (CSV)
- 2011-2012: Ady Hahn (LSAP)
- 2012 - haut: Manon Bei-Roller (LSAP)[4]
Perséinlechkeeten aus der Gemeng Dippech
[änneren | Quelltext änneren]- Claude Bosseler (*1953), laangjärege Buergermeeschter
- Jean-Baptiste Didier (*1834), Politiker, gebuer zu Dippech
- Laurent Didier (*1984), Vëlossportler an Olympionik
- Roger Gilson (1947-1995), Vëlossportler an Olympionik
- Ady Hahn, Buergermeeschter
- Jean Pierre Kirsch (1861-1941), Priister, Kierchenhistoriker an Archeolog
- Camille Pauly (1923-1969), Resistenzler, Politiker an Auteur, gebuer zu Dippech
- Tom Wirtgen (*1966), professionelle Vëlossportler
Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Dippech ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Veräinsliewen
[änneren | Quelltext änneren]An der Gemeng Dippech sinn eng Rei Veräiner aktiv, dorënner verschidde Chorallen a Museksveräiner, d'Dippecher Dachsen (Guiden a Scouten), de Kabarä PEPpERONI, de Land Rover Club Lëtzebuerg an d'Hëllefsorganisatioun Dippech hëlleft.[5]
Am Sportberäich gëtt et den Tennis Club Dippech, d'Union Cycliste Dippach, de Bettener Reitclub an den FC Étoile Sportive Schouweiler.[5]
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Méchelskierch zu Betteng op der Mess
- Kierch Dippech
- Kierch Schuller
- D'Kierch Sprénkeng aus dem 18. Joerhonnert mat dem Tuerm vun der fréierer Kierch.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Dippech
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Dippech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Dippech
- D'Gemeng Dippech op der Websäit vum Syvicol
- D Schoulen aus der Gemeng Dippech
Referenzen
[änneren | Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 Site vun der Gemeng Dippech: Histoire de la commune (gekuckt de 16. Mee 2018)
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
- ↑ Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX Archivéiert de(n) 2016-03-28. Gekuckt de(n) 2015-11-04.
- ↑ Manon Bei-Roller neue Bürgermeisterin von Dippach op wort.lu gelies 9.10.2017
- ↑ 5,0 5,1 Site vun der Gemeng Dippech: Associations locales (gekuckt de 16. Mee 2018)