Gumm
Ausgesinn
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Gumm oder Gomm (Palatum) ass den ieweschte Deel (den „Daach“) vum Mond vum Mënsch an anere Mamendéieren. En trennt d'Mondhiel vun der Nueshiel an ass an zwee grouss Deeler ënnerdeelt:[1]
- den haarde Gumm (Palatum durum) ass de viischten Deel. E besteet aus Schanken, déi vun enger Schläimhaut mat Drüsen iwwerzu sinn, déi gutt duerchblutt ass. No vir a säitlech geet d'Schläimhaut vum Gumm an d'Zännfleesch iwwer;
- de mëlle Gumm (Palatum molle) ass den hënneschten, beweeglechen Deel vum Gumm. Richtung Strass geet de Gumm an d'„Gummseegel“ (Velum palatinum) iwwer. Vun do aus ginn zwou Schläimhait aus, déi zur Basis vun der Zong féieren, respektiv zur Säit vun der Strass. Si ginn de „Bou“ vum Gumm genannt (Arcus palatini). An der Mëtt vum Gummseegel hänkt beim Mënsch den Zäppchen (Uvula palatina).
Beim Schlécke gëtt d'Zong géint de Gumm gedréckt. Déi zwee Deeler vum Gumm si wichteg fir d'Artikulatioun beim Schwätzen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gumm – Biller, Videoen oder Audiodateien |