Wierfel
Ausgesinn
E Wierfel oder Cube (och gläichsäitegt Hexaeder, vum gr. hexáedron - „mat 6 Flächen“), ass ee vun de fënnef platonesche Kierper, méi genee en (dräidimensionalt) Polyeder mat:
- sechs kongruente Quadraten als Begrenzungsflächen
- zwielef gläichlaange Kanten an
- acht Ecken, bei deenen all Kéiers dräi Begrenzungsflächen widderenee kommen.
E Wierfel ass ee speziellt (dräidimensionaalt) Parallelepiped, e spezielle (well gläichsäitige) Quader an ee speziellt riicht quadratescht Prisma.