Op den Inhalt sprangen

Esthetik

Vu Wikipedia
Versioun vum 12:20, 30. Jan. 2008 vum Les Meloures (Diskussioun | Kontributiounen) (.).
(Ënnerscheed) ← Méi al Versioun | Aktuell Versioun (Ënnerscheed) | Méi rezent Versioun → (Ënnerscheed)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Definitioun

D' Wuert Esthetik huet griichesch Originnen a gouf an der griichescher Sprooch als Adjektiv gebraucht.

D'Wuert gouf fir d'éischt vum Baumgarten als Substantiv gebraucht. Hien huet d'Esthetik definéiert als d'Wëssenschaft déi de Charakter vun dem Schéinen, bei de Produktioune vun der Natur a vun der Konscht bestëmmt.

Verschidde Points-de-vuën vun der Esthetik

  • De Sensualismus: Schéin ass wat gefällt.
  • De Realismus: Schéin ass wat do ass.
  • De Vitalismus: Schéin ass wat lieft an net ophällt mat liewen.
  • Den Idealismus: Schéin ass wat erhieft.
  • D'klassesch Theorie: Schéin ass wat richteg proportionnéiert ass.

Den H. Van Lier seet an Les Arts de l'espace datt vun all dëse verschiddenen Doktrinen a Recherchen, jiddereng nëmmen eng Parti Usiichten vum Phenomen Esthetik erëmspigelt, an datt et méiglech ass eng Synthes dervunner ze maachen, an eng gemeinsam Doktrin ze bestëmmen.

Esthetik kann zur Aktioun verleeden (Artist) oder zur Betruechtung (Esthetiker).

Se gehéiert dommatter zu engem vun de Grondelementer vun der Konscht, well se d'Relatioun Sujet-->Objet an der artistescher Creatioun, an d'Relation Objet ---> Sujet am Genoss vun der Betruechtung a sech huet.