Op den Inhalt sprangen

Léon Lamort

Vu Wikipedia
Versioun vum 10:27, 2. Sep. 2024 vum Zinneke (Diskussioun | Kontributiounen) (Säit ugeluecht mat: '{{Infobox Biographie}} De '''Léon Sigisbert Lamort''', gebuer den 10. August 1818 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 4. Dezember 1872 zu Senneng, war e lëtzebuergeschen Industriellen<ref>Quell, wou net anescht uginn: Jules Mersch: "[https://luxemburgensia.bnl.lu/cgi/luxonline1_2.pl?action=idc&sid=luxbio&vol=04&chapter=6 "La famille Lamort"], in: ''Biographie nationale du pays de Luxem…').
(Ënnerscheed) ← Méi al Versioun | Aktuell Versioun (Ënnerscheed) | Méi rezent Versioun → (Ënnerscheed)
Léon Lamort
Gebuer 10. August 1818
Lëtzebuerg
Gestuerwen 4. Dezember 1872
Senneng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Industriellen
Famill
Papp Jacques Lamort

De Léon Sigisbert Lamort, gebuer den 10. August 1818 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 4. Dezember 1872 zu Senneng, war e lëtzebuergeschen Industriellen[1] .

Hie war Proprietär vun enger Tapéitefabréck zu Senneng. 1870 war hien ënnert deeene zwou Dose Grënnungsaktionäre vun der Société des hauts-fourneaux luxembourgeois, déi zu Esch d'Brasseurs Schmelz gebaut huet.

Vun 1862 bis 1872 war hie Member vun der Handelskummer.

Hie war mat der Marie Barbe Julie Pescatore bestuet, mat där zesummen e 5 Kanner hat: Eugêne, Maria, Maurice, Lucien a Léon.

Fir un hien z'erënneren, huet den Escher Gemegerot an den 1950er Joeren decidéiert, eng nei Strooss am Quartier Lalleng no him ze nennen.[2]

Referenzen

  1. Quell, wou net anescht uginn: Jules Mersch: ""La famille Lamort", in: Biographie nationale du pays de Luxembourg, fac. 4, Lëtzebuerg 1952, S. [digitaliéiert duerch d'Lëtzebuerger Nationalbibliothéik].
  2. Willy Allamano, Gérard Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues. Esch an der Alzette und seine Straßen. 'De l'histoire à chaque pas. Geschichte auf jedem Schritt'. Esch-sur-Alzette, 2013. ISBN 978-2-87964-136-2, S.138.