Op den Inhalt sprangen

Henri Habig

Vu Wikipedia
Versioun vum 08:58, 2. Sep. 2024 vum Zinneke (Diskussioun | Kontributiounen) (strooss > artikel).
(Ënnerscheed) ← Méi al Versioun | Aktuell Versioun (Ënnerscheed) | Méi rezent Versioun → (Ënnerscheed)
Henri Habig
Gebuer 12. Januar 1886
Paräis
Gestuerwen 24. Oktober 1945
Esch-Uelzecht
Aktivitéit Gewerkschaftler, Lokalpolitiker

Den Henri Habig, gebuer den 12. Januar 1886 zu Paräis (18. Arrond.) a gestuerwen de 24. Oktober 1945 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Lokalpolitiker.[1]

Hien huet op Arbed Esch-Belval geschafft a war do vun 1925 bis 1929 President vun der Aarbechterdelegatioun. Vun 1927 bis 1932 war hie President vun der Escher Lokalsektioun vun der Gewerkschaft LAV.

Vun 1933 bis zu sengem Doud war hie Gemengeconseiller zu Esch fir Lëtzebuerger Aarbechterpartei. Ausserdeem war hie Vizepresident vun der Aarbechterkummer.

Fir un hien z'erënneren, huet den Escher Gemegerot de 19. Dezember 1966 decidéiert, eng nei Stooss am Quartier Wobrécken no him ze nennen.[1]

Referenzen

  1. 1,0 1,1 Quell, wou net anescht uginn: Willy Allamano, Gérard Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues. Esch an der Alzette und seine Straßen. 'De l'histoire à chaque pas. Geschichte auf jedem Schritt'. Esch-sur-Alzette, 2013. ISBN 978-2-87964-136-2, S.102.