Trek Airways
Trek Airways | |
---|---|
Grënnungsdatum | 23. September 1953 |
Schlussdatum | 11. Abrëll 1994 |
Sëtz | Johannesbuerg |
Branche | Aviatioun |
Schabloun:Infobox FluggesellschaftTrek Airways war eng südafrikanesch Fluchgesellschaft déi vun August 1953 bis Abrëll 1994 bestoung.
D'Gesellschaft gouf vum pensionéierten däitsche Genrolmajouer Friedrich Wilhelm von Mellenthin als eenzeg südafrikanesch privat Fluchgesellschaft nieft der staatlecher South African Airways gegrënnt. Am Ufank ass se mat enger Vickers Viking VC.1 tëscht Europa a Südafrika geflunn. Wéinst der kuerzer Autonomie an den domat verbonnenen Tëschestopps goufen e bësse méi spéit Douglas DC 4 an Lockheed L-049 Constellation an duerno och Lockheed L-1649A Starliner agesat. Trek Airways ass vu Johannesburg aus iwwer Windhoek (Namibia, deemools Südwestafrika), op London Düsseldorf a Wien a Lëtzebuerg geflunn[1]. Enn 1954 ass den éischten Trek-Flijer um Wee fir op Johannesbuerg um Findel gelant.
Den 1. Februar 1962 huet d'Gesellschaft ugefaange mat besonnesch gënschtege Flich vu Johannesburg aus iwwer Luanda (Angola), Sal (Cap Vert) a Palma de Mallorca op Lëtzebuerg ze fléien. D'Passagéiuer hu sech eng Verbindung viru bis op London gewënscht, wat awer net méiglech war, well keen Ofkommes tëscht Südafrika an dem Vereenegte Kinnekräich bestoung.
Well d'Luxair awer esou en Ofkommes hat, koum et 1964 zu engem Accord tëscht Trek Airways an der nach jonker Luxair: der Trek hir Douglas DC 4 gouf der Luxair iwwerginn, se krut de Luxair-Ustrach a gouf ënnert der lëtzebuergescher Kennung LX-SAF registréiert. Vun do u konnten d'Trek-Passagéier déi vu Johannesburg zu Lëtzebuerg ukoumen, op London-Gatwick virufléien (Fluch-Nummer LG-024 a -025).
Wéinst der autoritärer Apartheidspolitik a Südafrika hunn déi meescht afrikanesch Länner 1963 de südafrikanesche Fliger (ZS-Immatrikulatioun) et net méi erlaabt fir iwwer hir jeeweileg Territoiren ze fléien. Trek Airways konnt dodeurch net méi an Europa fléien.
Am Joer drop gouf d'Verbindung awer nees opgemaach: duerch en Accord tëscht den zwou Gesellschaften, kruten der Trek hir Lockheed L-049 Constellation an nach zwou aner Superstar-Maschinne eng LX-Immatrikulatioun (LX-LGX, -LGY an -LGZ) an d'Luxair-Faarwen. Sou ass den Iwwerfluch-Boykott elegant ëmgaangen ginn: d'Flich konnten nees vu Johannesburg aus iwwer den afrikanesch Kontinent bis op Lëtzebuerg duerchgefouert ginn.
Bis 1971 goufen d'Sanktiounen nach verstäerkt an d'Luxair huet zesummen mat der Tek eng nei Gesellschaft, d'Luxavia gegrënnt, dél vun do u mat Boeing 707, Airbus A300 a Boeing 747 tëscht Johannesburg a London hin- an hiergeflunn ass.
…
Trek huet 1991 gegrënnt Filetstar gegrënnt, déi um nationale südafrikanesche Maart aktiv war. Grad ewéi d'Mammegesellschaft gouf Filetstar dräi Joer méi spéit fir zerguttst zougemaach[2]
Tëschefäll
- Den 3. September 1960 ass de Motor vun enger Douglas DC-4-1009 (ZS-CIG) op der Streck vu Kairo op Entebbe a Brand geroden a konnt net geläscht ginn. De Fliger huet missen am El-Badari-Dall an Egyoten noutlanden. All 67 Leit u Bord (61 Passagéier ha sechs Crew-Memebren) hunn den Accident iwwerlieft. De Fliger gouf awer komplett zerstéiert
Literatur
- De William Buckland Rorke: Bhkp Bhkr Bhkt Bhku Bhkv Bhkw Bhkx Bhky D ' Athena Press, Gebuer 2007.
Um Spaweck
- ↑ Trek Airways, Timetable. TimeTableImages.com. Abgerufen am 10. Mai 2021.
- ↑ Luxavia, Timetable. TimeTableImages.com. Abgerufen am 12. Mai 2021.