Op den Inhalt sprangen

Andrea Costa-Delvaux

Vu Wikipedia
Versioun vum 20:38, 29. Aug. 2024 vum Zinneke (Diskussioun | Kontributiounen) (Stroossennumm > Artikel).
(Ënnerscheed) ← Méi al Versioun | Aktuell Versioun (Ënnerscheed) | Méi rezent Versioun → (Ënnerscheed)

D'Andrea Costa-Delvaux, gebuer als Andrea Da Silva Costa 1978 am Portugal, a gesteurwen den 1. Dezember 2012, war eng lëtzebuergesch Politikerin an Aktivistin.

Si ass als klengt Kand mat hirer Famill aus dem Portugal op Veiane geplënnert, wou s'opgewuess ass.[1]

Si hat eng degenerativ geneetesch Erkrankung vum Nervesystem. Vu Beruff war si Comptabel an huet bei der Fondation Kräizbierg geschafft.

Politesch huet si sech bei déi Lénk engagéiert. Si war och Grënnungsmember vun der Organisatioun Nëmme mat eis, déi sech fir d'Rechter vu Leit mat enger Behënnerng asetzt, a Grënnungsmember vun der Sektioun fir handicapéiert Employéen (DTH) vum OGBL. Mat hirem Mann Joel Delvaux huet si sech fir d'sexuell Rechter vu Leit mat enger Behënnerung agesat, ë.a. duerch hir Participatioun am Film Sweetheart Come.

D'Andrea Costa-Delvaux ass mat 34 Joer am Dezember 2012 gestuerwen.

Fir u si z'erënnere gouf an der Stad Lëtzebuerg am Quartier Kierchbierg eng Strooss no hir genannt.

Referenzen

  1. Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: "Rue Andrea Costa-Delvaux, Luxemburg." rues-au-feminin.lu (nogekuckt: 29.08.2024).