Louis Joseph Zelle
Louis Joseph Zelle | |
---|---|
De Louis Joseph Zelle (och: Ludwig-Joseph Zelle), gebuer den 8. Juni 1826 an der Stad Lëtzebuerg, an och do de 5. August 1899 gstuerwen, war e lëtzebuergesch-hollänneschen Auteur a Kapitän an der hollännescher Arméi.
Liewen a Karriär
Louis Joseph Zelle goung 1839 bis 1841 an de Stater Kolléisch an huet dono bis 1848 an enger Stater Librairie geschafft.[1]
Militär
1848 ass hien dem Jeeërbatailloun zu Iechternach bäigerueden, wou en et zum Sergeant-chef bruecht huet.
1854 huet hie sech an der Hollännesch Kolonialarméi (KNIL) engagéiert a goung op Batavia (haut: Jakarta) an der Kolonie Ostindien (haut: Indonesien). Nodeems hien déi hollännesch Nationalitéit ugeholl huet, huet, ass hien do d'hierarchesch Leeder eropgeklommen. Hie war do a Kampagenen op der Insel Timor an, vun 1858 un, Sumatra (1874 bis 1877 am Archipel Aceh) aktiv. Nodeems hien an Europa zeréckkoum fir sech z'erhuelen, gouf hien 1880 mat Eieren am Rang vun engem Kapitän entlooss.
De Louis Joseph Zelle war Member vun der historescher Sektioun vum Institut grand-ducal.
Hien ass 1899 un engem Schlag gestuerwen.
Auteur
Den Zelle huet 1885 en Touristeguide vum M.A. Perk mam Titel Le Luxembourg pittoresque aus dem Hollänneschen iwwersat. 1895 huet hien zesumme mam Arthur Knaff eng chronologesch Dokumentatioun zu Die Blockade der Festung Luxemburg durch die Truppen der französischen Republik 1794-1795. publizéiert.
No senger Pensionéierung huet hien iwwer 5 Joer laang u senger dräibänneger Autobiographie Myn wedervaren ("Meng Erfarungen") geschriwwen. Doran zielt hie net just mat vill Detailer iwwer seng Erliefnesser, ma och iwwer de Kontext, an deem se geschitt sinn, a kommentéiert dës, heiansdo och kritesch. D'Lëtzebuerger Nationalbibliothéik huet dëst Manuskript digitaliséiert a mat Hëllef vum AI-Transkribus-Programm transkribéiere gelooss.[2]
Um Spaweck
- "Die BnL veröffentlicht erstmals mit KI-Technologie transkribiertes Manuskript." Communiqué op bnl.public.lu, 29.07.2024.
- Myn vedervaren, vol.1 - Digitaliséiert Manuskript mat Transkriptioun op eluxemburgensia.lu.
Referenzen
- ↑ Quell, wou net anescht uginn: Pierre Marson: "Louis Joseph Zelle" op autorenlexikon.lu (nogrkuckt 29.08.2024).
- ↑ "National Library of Luxembourg publishes manuscript transcribed with AI technology for the first time." cenl.org, 27.08.2024.