Op den Inhalt sprangen

Watchmen

Vu Wikipedia
D'Schreifweis vun dësem Artikel oder vun dësem Deel vum Artikel entsprécht net de Wikipedia-Krittäre fir en enzyklopedeschen Artikel a muss onbedéngt verbessert ginn. Den Auteur gëtt frëndlech gebieden, sech d'Säiten Eis Schreifweis unzekucken, an hei z'applizéieren.
Logo

Watchmen ass e Comic, deen am Joer 1986 an den USA publizéiert gouf. Geschriwwen gouf en vum Alan Moore an gezeechent vum Dave Gibbons. Watchmen zielt zu den bekanntsten a beschten Action-Comics op der Welt.  

Den Comic ass vir d’Éischt an Form vun 12 Bänn eraus komm. Zum Ënn vum Joer 1987 sinn déi 12 Kapitel als Sammelband publizéiert ginn duerch den Verlag DC Comics. Dowéinst gëtt den Comic haut och éischter als Graphic-Novel bezeechent. Wann een vun Watchmen schwätzt ass och meeschtens dat gesamt Wierk ze gesinn an net déi 12 Bänn als eenzel Geschichten.

Comicserien sinn zum Ënn vun den 70er Joren ëmmer manner verkaaft ginn. Duerch d‘Watchmen ass den Format erëm populär ginn an den USA.  De Wee fir aner Action-Comics, mat Superhelden als Protagonisten, ass geluecht ginn. DC Comics bréngt nom Erfolleg vun den Watchmen eng rëtsch Comicserien eraus déi ähnlech wéi Watchmen funktionéieren.

Handlung

Watchmen ass eng fiktiv Geschicht an spillt am Joer 1985 zu New York. Se inspiréiert sech un der Wierklechkeet, allerdéngs ginn et verschidden Ënnerscheeder. De President Nixon ass ënner anerem nach ëmmer un der Muecht an d’Amerikaner hunn den Vietnam Krich gewonnen.

D’Handlung dréit haaptsächlech ëm de Mord vun engem vun den sechs Superhelden, dem Comedian. Den Haaptcharakter, Rorschach versicht seng al Kollegen zesummen ze kréien fir den Mäerder ze fannen. D‘ Geschicht gëtt gréissten deels aus senger Perspektiv an mat Hëllef vun sengem Tagebuch erzielt.

D’Watchmen zielen sechs sougenannt Superhelden, déi géint Kriminalitéit kämpfen. Allerdéngs sinn déi schon am Joer 1977 verbueden ginn well d‘Bevölkerung hinnen net méi traut. Den Rorschach ass deen eenzegen den nach aktiv ass an deen och d’Initiativ hëlt fir dem Comedian säin Mord opzedecken. En geet nämlech dovunner aus, dass een alen Feind sech op d’Sich no den Watchmen mëscht an se all embrengen wëll. Dëst well hien natierlech verhënneren, och wann d’Watchmen net méi alleguer gutt openeen ze schwätzen sinn.

Personnagen

All Figur ass op seng Aart an Weis speziell. Den Alan Moore wollt keng Superhelden déi gutt oder schlecht sinn. E well all positiv ewéi negativ Charakterzich an Aspekter vun senger Helden weisen. Dobäi weist en zum Beispill och op d‘ Brutalitéit, Alkoholsucht oder d’Instabilitéit vun sengen Figuren hin. D‘Personnagen kommen dowéinst extrem realistesch eriwwer. Dës zweedeiteg Porträteierung, mëscht seng Personnagen ganz komplex, wat villen Lieser vun dësem Comic gefält.

Rorschach

Dëst ass den Haaptcharakter aus dem Comic. Mat richtegem Numm Walter Joseph Kovacs. En besëtzt keng iwwermënschlech Superkraaft, mee ass dofir extrem intelligent an e gudden Taktiker. En kann sech aus all méiglech Situatioun befreien an beherrscht verschidden Kampfsportaarten. Rorschach ass mental instabil wat en onberechenbar mëscht fir seng Géigner. Och nodeems d’Watchmen verbueden ginn sinn mëscht hien seng Aarbecht weider an versicht Kriminalitéit ze stoppen. Hien ass den eenzegen vun den Watchmen deen weider drun gleeft dass eng Grupp vun Superhelden den Staat an Sécherheet halen kennen. Den Rorschach huet et gear am donkelen ze sinn an en bléift gear verstoppt. Den Rorschach gëtt als anti-Kommunist porträteiert an loyal zu den amerikaneschen Wäerter. Hien ass een ganz komplexen Charakter well en mental instabil ass en nëmmen radikal Meenungen vertrëtt.[1]

Dr. Manhatten

Doctor Jonathan Osterman ass den richtegen Numm vun dësem Personnage. Duerch en Accident bei wärend engem Experiment an engem nuklearen Bunker, ass den Dr. Manhatten un seng Superkraaft komm. Hien kann sech an aner Léit teleportéieren. Hien kann seng gréisst och veränneren wéi en wëll an grad Loscht huet. En kann sech selwer och sou oft kopéieren wéi en wëll. En gëtt och net méi al an schéngt och keng Péng ze kennen. No sengem Accident kann den Dr. Manhatten allerdéngs keng Gefiller méi weisen an huet och guer keng Empathie fir Mënschen. En interesséiert sech fir Militär, Politik an Technik mee soss fir neicht aneres.[2]

The Comedian

Edward Morgan Blake ass den richtegen Numm vun dësem Charakter. En ass awer besser bekannt als Eddie bei sengen Kollegen. Den Comedian schafft als Paramilitäreschen Agent an vertrëtt amerikanesch Wäerter. Spéider an senger Pensioun, schafft en als Diplomat. En gëtt als groussen Patriot vun der Regierung portraitéiert. Den Comedian ass sou ze soen den brutaalsten Charakter vun den Watchmen an en huet guer keng Skrupel fir Mënschemassen ëmzebréngen. En ass extrem aggressiv an kann gutt mat Waffen ëmgoen. En kennt sou gutt wéi all Waffen aus der Arméi. Waffen besëtzt en vun all méiglech Zort an och vill. Dobäi kënnt dass en an enger exzellenter kierperlecher Verfassung ass an doduerch och en gudden Kämpfer ass. Den Comedian huet ënner anerem och am zweeten Weltkrich an och am Vietnam-Krich gekämpft. Am Comic gëtt den Comedian als Mäerder vum John F. Kennedy duergestallt.[3]

Ozymandias

Adrian Alexander Veitd ass den richtegen Numm vun dësem Charakter. Hien ass och nach bekannt als „Ozzy“ oder „The World’s Smartest Man“. Hien huet keng speziell Superkraaft, mee ass dofir den schlausten Mënsch op der Welt. Säin Idol an Virbild ass den Alexander den Groussen. Säin Costume an och säin Numm sinn och un déi historesch Figur inspiréiert. Den Veitd gëtt berühmt well en seng richteg Identitéit weist an déi och vermaart. En verkeeft Figuren vum Ozymandias an schreift och Bicher iwwert sech. En gëtt als intelligenten Geschäftsmann porträteiert deen vun allem op der Welt bëscheed weess. Ën leet awer och extrem vill Wäert op seng Moral. Dat gesäit een wëll en ëmmer fir de gudden Zweck wëll kämpfen an och Onschëlleg Leit retten wëll.[4]

Silk Spectre

Laurie Juspeczyk ass de richtegen Numm vun dësem Charakter. Och nach bekannt als Laurie Jupiter. Sie ass eng gutt Kämpferin an huet keng Problemer mat e puer Géigner gläichzäiteg ze kämpfen. Si huet schoun mat 5 Joer ugefaangen Kampfsportaarten an Gymnastik ze trainéieren. Sie hued mat hirer Mamm Sally Jupiter trainéiert déi och Superheldin zur Zäit vun den Minutemen war. Laurie Juspeczyk gëtt als liberal denkend an modern Fra porträteiert, déi sech selwer och als Feministin geséit.[5]

Nite Owl II.

Mat richtegem Numm heescht dësen Personnage Dan Dreibeirg. En ass den Nogänger vum éischten Nite Owl, dem Hollis Mason. Den Hollis ass dem Dan säin gréissten Virbild. Déi zwee hunn och privat mateneen Kontakt an treffen sech och reegelméisseg. Den Nite Owl seng Fäegkeeten léien am erfannen an bauen vun Gadgeten, Apparater an Waffen déi hien dono benotzt fir sech ze verdeedegen. Den „Owlship“ ass eng Fluchmaschinne an Form vun enger Eil, mat där hien ronderëm fiert an fir Uerdnung suergt. Säin Costume an och seng Waffen sinn alleguerten vun enger Eil inspiréiert. Säin speziellen Brëll erméiglecht him, an der Nuecht bei kompletter Donkelheet ze gesinn. Den Nite Owl erënnert staark un der Batman-Figur, déi och am Haus DC Comics produzéiert gett.[6]

Virgeschicht

Mat der Serie „Before Watchmen“, déi a Form vun 37 Bänn säit dem Joër 2012 publizéiert ginn sinn, konnten sech d’Lieser en Abléck maachen zur Virgeschicht vun den Watchmen. An all Band geet et nämlech haaptsächlech iwwer engen vun den sechs Superhelden vun den Watchmen. Do dran gëtt dann gewisen wéi di eenzel Helden all kéiers zu den Watchmen gestouss sinn.

D’Virgeschicht „Before Watchmen“ huet fir zimlech vill Kritik gesuergt, well DC Comics se géint den Wëllen vum Moore an Gibbons verëffentlecht huet. D‘ Virgeschicht gouf net vum Moore geschriwwen an och net vum Gibbons geschriwwen. Si hunn nämlech gesot dass Watchmen eng fäerdeg Geschicht ass an se net sollt mat enger Virgeschicht oder engem zweeten Deel verlängert ginn. Well DC Comics trotzdeem d’Virgeschicht verëffentlecht huet, si se an d'Kritik geroden an hunn och net vill vun der Fortsetzung verkaaft kritt. Säit dem hunn sech déi 2 Auteuren di duerch Watchmen weltbekannt ginn sinn, vum Verlag distanzéiert.

Geschriwwen gouf d’Virgeschicht vum Len Wein, Michael Straczynski, Brian Azzarello an Darwyn Cooke. Gezeechent gouf se vum, J. G. Jones, Adam Hughes, Lee Bermejo, Amanda Conner, Andy Kubert an Joe Kubert.[7][8]

Verfilmung

De Comic Watchmen ass e puer mol versicht ginn verfilmt ze ginn. All Kéiers hunn d’Auteuren missten ophalen well se kéng Rechter kruten fir d’Comic-Charakteren ze benotzen. Réischt am Joer 2009 ass et Warner Bros. Pictures an dem Filmdirékter Zack Snyder gelongen den Film op d’Leinwand ze bréngen. Allerdéngs ass een groussen juristeschen Streit entstanen tëschent 20th Century Fox an Warner Bros. Pictures. 20th Century Fox wollt nämlech den Release stoppen well se fonnt hunn si hätten nach ëmmer d‘ Filmrechter un den Comicfiguren déi si am Joer 1988 provisoresch kruten. Den Film Watchmen ass ënnert dem nämmlechten Numm verëffentlecht ginn ewéi den Comic.[9]

Den Film hat international immens vill Succès, wat een duerch déi extrem vill Kinosbesicher an och der gudder Kritik déi den Film krut geséit. Déi mécht Filmkritiker mee och al Fans vun dësem Comic fannen dass et richteg gutt verfilmt ginn ass. Dëst ass bemierkenswäert, well d’Handlung extrem komplex ass an keen domat gerechent huet dass den Regisseur et sou gutt ëmsetzen kéint. Ëlléng am Joer 2008 nodeems den éischten Trailer zum Film erauskomm ass huet DC Comics direkt eng 900.000 Kopien vum Comic verkaaft. Zum Verglach: am Joer virdrun waren et knapp 100.000 Kopien. Den Film huet den Comic also erëm populär gemaach an huet fir gutt Publicitéit gesuergt.[10]

Tëscht dem Film an dem Comic ginn et verschidden Ënnerscheeder, wéi zum Beispill den Alter vun den Haaptcharakteren oder och ë puer Ënnerscheeder beim Ausgesinn.

Referenzen

  1. https://comicvine.gamespot.com/rorschach/4005-40444/
  2. https://watchmen.fandom.com/wiki/Jon_Osterman
  3. https://watchmen.fandom.com/wiki/Eddie_Blake
  4. https://comicvine.gamespot.com/ozymandias/4005-43221/
  5. https://watchmen.fandom.com/wiki/Laurie_Juspeczyk
  6. https://watchmen.fandom.com/wiki/Dan_Dreiberg
  7. https://www.cbr.com/dc-comics-to-publish-before-watchmen-prequels/
  8. https://www.nytimes.com/2012/02/01/books/dc-comics-plans-prequels-to-watchmen-series.html?_r=1
  9. https://www.sf-fan.de/aktuelle-meldungen/watchmen-2009.html
  10. https://www.newsarama.com/781-watchmen-one-million-copies-in-2008.html