Op den Inhalt sprangen

Watchmen

Vu Wikipedia
Dëse Comicsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Logo

Watchmen ass e Comic, deen am Joer 1986 an den USA publizéiert gouf. Geschriwen gouf en vum Alan Moore an gezéechent vum Dave Gibbons. Watchmen zielt zu den bekanntesten a beschten Action-Comics op der Welt.

Den Comic ass vir d’Éicht an Form vun 12 Bänn eraus komm. Am Joer 1987 sinn dei 12 Kapitel dann och als Sammelband publizéiert ginn duerch den Verlag DC Comics. Doweinst gëtt den Comic haud och éichter als Graphic-Novel bezeechent. Wann een vun Watchmen schwëtzt ass och meechtens dat gesamt Wierk ze gesinn an net dei 12 Bänn als eenzel Geschichten.

Comicken sin zum Ënn vun den 70er Joëren emmer manner verkaaft ginn. Duërch d‘Watchmen ass den Format ërem populär ginn an den USA.  De Wee fir aner Action-Comics, mat Superhelden als Protagonisten, ass geluegt gin. DC Comics bréngt noom Erfolleg vun den Watchmen eng rëtsch Comicken raus dei ähnlech wéi Watchmen fonktionéiren.

Handlung

Watchmen ass eng fiktiv Geschicht an spillt am Joër 1985 zu New York. Se inspiréiert sëch hun der Wirklëchkéet, allerdéngs ginn et verschidden Ënerscheeder. De Präsident Nixon ass ënner aanerem nach emmer un der Muëcht an d’Améikaner hun den Vietnam Krieg gewonnen.

D’Handlung dréit haaptsächlech ëm de Mord vun engem vun den siewen Superhelden, dem Comedian. Den Haaptcharakter Rorschach versicht seng aal Kollegen zesummen ze kréien fir den Märder ze fannen. D' Geschicht gëtt greissten deels aus senger Perspektiv an mat Hëllef vun sengem Tagebuch erzielt.

D’ Watchmen zielen sechs sougenannt Superhelden, dei géint Kriminalitéit kämpfen. Allerdéngs sin déi schon am Joër 1977 verbueden ginn well d‘Bevölkerung hinnen net mei traut. Den Rorschach ass deen eenzegen den nach aktiv ass an deen och d’Initiativ hëllt fir dem Comedian sein Mord opzedécken. Ën geet nämleech dovuner aus, dass een aalen Feind sech op d’Sich no den Watchmen mëcht an se all embrengen wëll. Dëst well heen natierlech verhenneren, och wann d’Watchmen net mei alleguer gudd openeen ze schwätzen sin.

Personnagen

All Figur ass op seng Art an Weis speziell. Den Alan Moore wolld keng Superhelden déi gudd oder schlecht sin. E well all positiv ewéi negativ Charakterzich an Aspekter vun senger Helden weisen. Dobei weist en zum Beispiel och op d‘ brutalitéit, alkholssucht oder d’instabiliteit vun sengen Figuren hin. D‘Personnagen kommen doweinst extrem realistesch eriwer. Dess zweeseiteg Porträteierung, mecht seng Personnagen ganz komplex mee och attraktiv, wat villen Lieser vun dësem Comic gefällt.

Rorschach

Dëst ass den Haaptcharakter aus dem Comic. Mat richtegem Numm Walter Joseph Kovacs. En besëtzt keng iwermënschlech Superkräft, mee ass dofir extrem intelligent an e gudden Taktiker. En kann sech aus all méiglech Situatioun befreien an beherrscht verschidden Kampfsportaarten. Rorschach ass mental instabil wat en onberechenbar mecht fir seng Géigner. Och nodeems d’Watchmen verbueden ginn sin mecht heen seng Arbecht weider an versicht Kriminalitéit ze stoppen. Heen ass den eenzegen vun den Watchmen deen weider drun gleeft dass eng Grupp vun Superhelden den Staat an Secherheet haalen kennen. Den Rorschach hued ed gear am donklen ze sinn an en bléift gear verstoppt. Den Rorschach gëtt als anti-kommunist porträteiert an loyal zu den amerikaneschen Weärter. Heen ass een ganz komplexen Charakter well en mental instabil ass en nemmen radikal Meenungen vertrëtt.[1]

Dr. Manhatten

Doctor Jonathan Osterman ass den richtegen Numm vun desem Personnage. Duerch en Accident bei während engem Experiment an engem nuklearen Bunker, ass den Dr. Manhatten un seng Superkräft komm. Heen kann sech an aaner Léit téléporteieren. Heen kann seng gréisst och veränneren wéi en wëll an grat Loscht hued. Ën kann sech selwer och sou oft kopéieren wéi en wëll. Ën gëtt och net mei aal an schéngt och keng Péng ze kennen. No sengem Accident kann den Dr. Manhatten allerdéngs keng Gefiller mei weisen an hued och guer keng Empathie fir Mënschen. En interesséiert sech fir Militär, Politik an Technik mee soss fir neicht aneres.[2]

The Comedian

Edward Morgan Blake ass den richtegen Numm vun dësem Charakter. En ass awer besser bekannt als Eddie bei sengen Kollegen. Den Comedian schafft als Paramilitären Agent an vertrëtt amerikanesch Weärter. Spéider an senger Pensioun, schafft en als Diplomat. En gëtt als groussen Patriot vun der Regierung portraitéiert. Den Comedian ass sou ze soen den brutalsten Charakter vun den Watchmen an en hued guer keng Skrupel fir Mënschenmassen emzebréngen. Ën nass extrem aggressiv an kann gudd mat Waffen emgoën. Ën kennt sou gudd wéi all Waffen aus der Arméi. Waffen besëtzt en vun all méiglech Zort an och vill. Dobei kënnt dass en an enger exzellënter kierperlécher Verfassung ass an doduerch och en gudden Kämpfer ass. Den Comedian hued ënner anerem och am zweeten Weltkrich an och am Vietnam-Krich gekämpft. Am Comic gëtt den Comedian als Märder vum John F. Kennedy duergestallt.[3]

Ozymandias

Adrian Alexander Veitd ass den richtigen Numm vun dësem Charakter. Heen ass och nach bekannt als „Ozzy“ oder „The World’s Smartest Man“. Heen hued keng spéziell Superkräft, mee ass dofir den schlausten Mënsch op der Welt. Sein Idol an Virbild ass den Alexander den Groussen. Sein Kostume an och sein Numm sin doweinst och un déi historësch Figur inspiréiert. Den Veitd gëtt berühmt well en seng richteg Identitéit weist an déi och vermaarkt. Ën verkeeft Figuren vum Ozymandias an schréift och Bicher iwert sech. Ën gëtt als intelligenten Geschäftsmann porträteiert deen vun allem op der Welt bëscheed wees. Ën leet awer och extrem vill Weärt op seng Moral. Dat geseit een wëll en emmer fir de gudden Zwéck wëll kämpfen an och Onschëlleg Leit retten wëll.[4]

Silk Spectre

Laurie Juspeczyk ass de richtegen Numm vun desem Charakter. Och nach bekannt als Laurie Jupiter. Sie ass eng gudd Kämpferin an hued keng Problemer mat e puer Geigner gleichzeiteg ze kämpfen. Sie hued schon mat 5 Joer ugefaangen Kampfsportarten an Gymnastik ze traineieren, enner anerem mat hirer Mamm Sally Jupiter. Sie hued mat hierer Mamm Sally Jupiter traineiert déi och Superheldin zur Zeit vun den Minutemen war. Laurie Juspeczyk gëtt als liberal denkend an modern Fra porträteiert, déi sech selwer och als Feminstin geséit.[5]

Nite Owl II.

Mat richtegem Numm heescht desen Personnage Dan Dreibeirg. En ass den Nogänger vum éichten Nite Owl, dem Hollis Mason. Den Hollis ass dem Dan sein gréissten Virbild. Déi zwee hun och privat mateneen Kontakt an treffen sëch och regelméisseg. Den Nite Owl seng Fähegkeeten léien am erfannen an bauen vun Gadgeten, Apparater an Waffen déi heen dono benotzt fir sech ze verteidegen. Den „Owlship“ ass eng Flugmaschine an Form vun enger Eil, mat där heen ronderem fiert an fir Uerdnung suergt. Sein Costume an och seng Waffen sin alleguerten vun enger Eil inspiréiert. Sein speziellen Brëll erméiglecht him, an der Nuecht bei kompletter Donkelheet ze gesinn. Den Nite Owl erënnert staark un der Batman-Figur, déi och am Haus DC Comics produzéiert gett.[6]

Verfilmung

De Comic Watchmen ass e puer mool versicht ginn verfilmt ze ginn. All Kéiers hun d’Auteuren missten ophaalen well se kéng Rechter kruten fir d’Comic-Charakteren ze benotzen. Réicht am Joer 2009 ass et Warner Bros. Pictures an dem Filmdirékter Zack Snyder gelongen den Film op d’Léinwand ze bréngen. Allerdéngs ass een groussen juristeschen Streit entstaanen tëschent 20th Century Fox an Warner Bros. Pictures. 20th Century Fox wolld nämlech den Release stoppen well se fonnt hun sie hätten nach ëmmer d‘ Filmrechter un den Comicfiguren dei sie am Joer 1988 provisoresch kruten. Den Film Watchmen ass ënnert dem nemlëchten Numm veröffentlecht gin ewéi den Comic.[7]

Den Film haat international immens vill Succès, wat een duerch déi extrem vill Kinosbesicher an och der gudder Kritik déi den Film krut geséit. Déi méecht Filmkritiker mee och aal Fans vun dësem Comic fannen dass et richteg gudd verfilmt ginn ass. Dëst ass bemierkensweärt, well d’Handlung extrem komplex ass an keen domad gerechent hued dass den Regisseur et sou gudd ëmsetzen kéint. Ëlléng am Joër 2008 nodeems den éichten Trailer zum Film erauskomm ass hued DC Comics direkt eng 900.000 Kopien vum Comic verkaaft. Zum Verglach: am Joër virdrun waren et knapp 100.000 Kopien. Den Film hued den Comic also rem populär gemach an hued fir gudd publicitéit gesuergt.[8]


Tëscht dem Film an dem Comic ginn et verschidden Ënerscheeder, wéi zum Beispiel den Alter vun den Haaptcharakteren oder och ë puer Ënnerscheeder beim Ausgesinn.

Referenzen

  1. https://comicvine.gamespot.com/rorschach/4005-40444/
  2. https://watchmen.fandom.com/wiki/Jon_Osterman
  3. https://watchmen.fandom.com/wiki/Eddie_Blake
  4. https://comicvine.gamespot.com/ozymandias/4005-43221/
  5. https://watchmen.fandom.com/wiki/Laurie_Juspeczyk
  6. https://watchmen.fandom.com/wiki/Dan_Dreiberg
  7. https://www.sf-fan.de/aktuelle-meldungen/watchmen-2009.html
  8. https://www.newsarama.com/781-watchmen-one-million-copies-in-2008.html